Vëlospist PC1
D'Vëlospist PC1, och nach Zentrumspist, offiziell Itinéraire cyclable du centre, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].
Schëld zu Fenteng | |
offiziellen Numm | Itinéraire cyclable du centre |
---|---|
Lëtzebuerger Numm | Zentrumspist |
vu(n) | Gronn |
op | Gronn |
Längt | 43 km |
déifste Punkt | Beggen |
héchste Punkt | Biergerkräiz |
Land | Lëtzebuerg |
Streck änneren
D'PC1 ass 43 km laang a féiert vum Gronn aus an engem Bou ëm d'Stad Lëtzebuerg nees dohinner zeréck. Den déifste Punkt (230 m) ass zu Beggen an den héchsten (375 m) um Biergerkräiz. Mat Ausnam vun e puer Deeler op der Kockelscheier (2,9 km) an am Bambësch (6,1 km) ass se iwwerall macadamiséiert.
Zanter dem 25. Mäerz 2022 leeft d'PC1 tëscht Beggen an dem Raspert zu Dummeldeng op enger Streck vu ronn engem Kilometer net méi iwwert d'Strooss, ma iwwert e gesonnerte Wee fir Foussgänger a Cyclisten[2].
Se féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Lëtzebuerg, Hesper, Fenteng, Kockelscheier, Zéisseng, Märel, Stroossen, Reckendall, Beggen, an Dummeldeng.
Uschlëss un aner Pisten änneren
D'Zentrumspist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:
- Zu Weimeschkierch kann een iwwer den CR232 (Rue München-Tesch) an duerno an der éischter Kéier weider duerch de Mäertesgronn op de Kierchbierg kommen, fir do op d'Iechternacher Pist ze stoussen;
- tëscht Hesper an Alzeng ass en Uschloss un déi zukünfteg Pist Charly Gaul virgesinn;
- op der Cloche d'or an zu Zéisseng kënnt een op d'PC9 (Pist vun de Minettsvirstied);
- zu Stroossen huet se Uschloss un d'Pist Nicolas Frantz;
- zu Beggen nieft der neier Foussgängebréck ass den Uschloss un d'Uelzechtpist.
Bemierkungen änneren
Biller änneren
-
Um Depart am Gronn
Um Spaweck änneren
Commons: Vëlospist PC1 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
- ↑ Frank Weyrich, Sicher mit dem Rad unterwegs, Luxemburger Wort vum 24. Mäerz 2022