Haaptmenü opmaachen
D'Gräinskapell an der Péitruss
D'Gräinskapell. Zeechnung vum Nicolas Liez.

D'Gräinskapell, och ënner dem Numm Quirinuskapell bekannt läit am Stadgronn ënner der Aler Bréck um rietsen Uwänner vun der Péitruss.

Inhaltsverzeechnes

GeschichtÄnneren

Als "bal" geséchert gëllt, datt dës Hielekierch, déi déi Zäit zu der Par Hollerech gehéiert huet, fir Masse benotzt gouf. D'Gräinskapell gouf ënnerhale vun den Däitschritter, déi zanter 1249 an der Tilleschgaass gewunnt haten. Ëm 1355 hunn si déi gotesch Fassad gebaut, déi haut nach erhalen ass. Vun hinne staamt och d'Däitschhärekräiz, dat iwwer der Paart agemeesselt ass. Riets dovun ass den oppene Priedegtstull ze gesinn. Den Daach an de Klackentuerm goufen 1885 restauréiert.

Bannent der Kapell ass eng Duebelhiel, eng kleng Sakristei an eng Nisch mam Altor.

Si gouf de 27. Mee 1963 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Den hellege Quirinus war zanter dem 11. Joerhonnert de Patréiner vun der Festung, zanter 1455 och vun der Stad Lëtzebuerg. 1666 gouf en an där Funktioun vun de Jesuiten duerch d'Tréischterin am Leed ersat.

QuirinusquellÄnneren

Bei der Kapell ass eng Quell, där hirem Waasser joerhonnertelaang Heelwierkungen, besonnesch géint Hautkränkten an Eeterwonnen, nogesot goufen.[2] Eng éischt Kéier gouf se beim Alexander Wiltheim 1655 ernimmt. Bei enger chemescher Analys am Joer 1900 gouf festgestallt, datt näischt Extraes am Waasser ze fanne wier.[3]

LiteraturÄnneren

  • Arendt, K., 1906. St. Quirin und die hl. drei Jungfrauen: eine kunstarchäologische Skizze. 16 S., St. Paulus-Ges., Luxemburg.
  • Dumont, Jean, 1952. Sources sacrées dans le Luxembourg. pp. 196–202. Extrait de l'Annuaire de l'Institut grand-ducal, section de linguistique, de folklore et de toponymie, Luxembourg.
  • Klein, Jean-Baptiste, 1867. Leben und Leiden der heiligen Märtyrer Quirinus, Firminus, Ferreolus und der heiligen drei Jungfrauen, welche in der St. Quirinus-Kapelle bei Luxemburg verehrt werden (Nebst einem Anhang über den Gebrauch des St. Quirinus-Wassers und einer St. Quirinus-Messe). 96 S., Gebr. Heintze, Luxemburg.
  • Massard, Jos. A., 1985. Wunder in Luxemburg. Lëtzebuerger Almanach 1986: 127-135. Luxemburg. PDF (882 kB)

Um SpaweckÄnneren

FotoalbumÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 19. Juni 2019).
  2. E flotten Iwwerbléck iwwer helleg Quellen zu Lëtzebuerg bréngt den Dumont (1952).
  3. Cf. Massard 1985: 130-131 an der Literatur.