Robert Philippart
De Robert Léon Philippart, gebuer den 2. Abrëll 1960 an der Stad Lëtzebuerg, war vun 1993 bis 2015 Direkter vum Office national du tourisme (ONT), an ass zanter 2017 UNESCO Site Manager fir de Site Alstad a Festung Lëtzebuerg an zanter 2018 wëssenschaftleche Mataarbechter vum Nationale Geschichts- a Konschtmusée[1].
Robert Philippart | |
---|---|
![]() De Robert Philippart (2022) | |
Gebuer |
2. Abrëll 1960 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker |
Hien huet iwwer Lëtzebuerg a seng Architektur publizéiert, awer och iwwer den Eugène Ruppert, e lëtzebuergeschen Ingenieur a China. Hien ass den Auteur vun der Promenade architecturale zu Esch-Uelzecht. Am Kader vun der Bourse vum Joseph Bech-Präis 1988 huet hien op der kathoulescher Universitéit vu Louvain (UCL) eng Etüd iwwer d'amerikanesch Investitiounspolitik an der Europäescher Gemeinschaft an an den Entwécklungslänner geschriwwen.
2006 huet hien op der Université catholique de Louvain (UCL) zum Dr. Phil. promovéiert. Hien ass, nieft senger Aarbecht am ONT, 'Collaborateur scientifique' op der UCL.
Zanter 2007 mécht hien no senge Recherchen iwwer d'Stadentwécklung vu Lëtzebuerg, reegelméisseg "visites-conférences" als Expert (bis 2017), respektiv wëssenschaftleche Mataarbechter vum Nationale Geschichts- a Konschtmusée (zanter 2017). Seng Publikatiounen, Konferenzen a Visitte kann een op www.histoireurbaine.eu noliesen.
2012 krut hien am Kader vun den neie Missiounen déi de Staat dem Office national du tourisme gëtt, d'Funktioun vun "Directeur - Ambassadeur touristique". 2016 gouf hien Directeur Ambassadeur touristique am Groupement d'Intérêt Economique "Luxembourg for Tourism"; an 2017 "Unesco Site Manager" beim Kulturministère.
De Robert L. Philippart ass bestuet a Papp vun zwéi Jongen. Hien ass den Neveu vun der Hélène Philippart.
PublikatiounenÄnneren
- Philippart, R.L., 2018. Hôtels, cafés, restaurants de la Belle Époque Luxembourg. Éditions brain&more, 108 p. ISBN 978-99959-941-1-2.
- Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart, 2013. Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt Édition Maison Moderne. 352 S. ISBN 978-99959-33-07-4
- Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart, 2013. Lëtzebuerg moderne: déclaration d'amour à la capitale Édition Maison Moderne. 352 S. ISBN 978-99959-33-05-0
- Robert L. Philippart, 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. Éditions Saint-Paul. 207 S. ISBN 978-2-87963-694-8
- Robert L. Philippart, 2006. Luxembourg. De l'historicisme au modernisme, de la ville forteresse à la capitale nationale. Band 1 (S. 1-628) a Band 2 (S. 629-1329). Éditions Ilôts, Steesel. Dréckerei Kremer-Muller.
- Robert L. Philippart, 1987. L'activité industrielle d'Eugène Ruppert en Chine. Publication éditée sous les auspices de Paul Wurth S.A. Luxembourg 55 S.
- Als Éditeur: Neioplo vum Adolf Berens sengem Roman D'Kerfegsblo'm a Lëtzebuerger Sprooch (4 Bänn, 1921-27);
AuszeechnungenÄnneren
- Officier de l'Ordre de Léopold II
LiteraturÄnneren
- "J'étais en larmes..." ; in: Le Quotidien, Interview (Serie "Souvenirs d'enfance"), Ausgab vum 6. Mee 2010; S. 17.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Robert Léon Philippart – Biller, Videoen oder Audiodateien |