Zens (Stad Lëtzebuerg)

Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg
Luxembourg geo stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Zens ((fr) Cents) ass e Quartier am Oste vun der Stad Lëtzebuerg.

Zens
Couvent des Carmélites, Luxembourg, rue Sainte Thérèse d'Avila 01.jpg
Klouschter vun de Karmeliterinnen um Zens
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Cents
de: Cents
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Blason ville lu Luxembourg-ville.svg Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 6.389
  31.12.2021
Fläch 173,10 ha
Koordinaten 49° 37’ 07.0’’ N
      06° 10’ 11.6’’ O
Cents quarter highlighted.png
Den Zens (blo)
an der Stad Lëtzebuerg (gro)

GeographieÄnneren

Den Zens läit op engem laanggezunne Plateau deen an Ost-Südwestrichtung liicht un Héicht verléiert. Dëse Plateau ass am Norde begrenzt duerch den Dall vum Neiduerf an am Süden duerch den Hammer Dällchen.

Am Oste stéisst en un d'Kalchesbréck an huet och do seng héchst Plaz mat 349 Meter. Op der Héicht vum Carmel geet d'Tréierer Autobunn de queesche Wee ënner dem Zens erduerch.

Am Südweste läit de Fetschenhaff mat de Sportsinstallatioune vum INS an dem Sportlycée.

De westleche Wutz vum Plateau fält relativ géi of, an den Dall vun der Uelzecht, an do fanne mer d'Polvermillen am Süden a Clausen am Norden. Den Ausleefer op der Héicht ass de Plateau vun der Rumm.

Duerch de Quartier leeft de laange Wee bal schnouerriicht d'Nationalstrooss 1A (rue de Trèves, duerno rue Cents) déi vu Clausen, laanscht d'Rumm eropklëmmt, an da weider a Richtung Kalchesbréck a Findel féiert.

Am Süden, am Dall, leeft d'Eisebunnslinn N° 3 déi och eng Halt tëscht der Rue des Pommiers an dem Val de Hamm huet.

GeschichtÄnneren

Den Ursprong vum Numm Cents ass net eendeiteg gekläert. En ass awer warscheinlech op eng Steier (Zensus) zréckzeféieren déi d'Piechter vum Fetschenhaff der Abtei Almënster hu misse bezuelen[1].

Ausser dem Klouschter vun de Karmeliterinnen dat 1937 gebaut gi war, war den Zens laang en éischter ländlech markéierte Plateau, mat Bauerenhäff, Felder a Wisen, e puer Wiertschaften an dem Zenser Kierfecht. 1961 stoungen do just 112 Haiser, an deene ronn 500 Leit gewunnt hunn. Dunn huet d'Société nationale des habitations à bon marché ugefaangen an der neier „Cité Henri Frommes“ weidere Wunnraum ze bauen. 1962 sinn déi éischt Quartiersstroosse gebaut ginn.

AwunnerÄnneren

Op den 31.12.2021 hunn um Zens 6.389 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 51,01 % géintiwwer 48,99 % Auslänner. Den Zens ass domat den eenzege Stater Quartier wou den Undeel vun de Lëtzebuerger méi héich ass wéi dee vun den Auslänner[2].

Zensser no Nationalitéit (31.12.2021)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 6 389 100,00%
1   Lëtzebuerg 3 259 51,01%
2   Frankräich 495 7,75%
3   Italien 431 6,75%
4   Portugal 323 5,06%
5   Indien 158 2,47%
6   Belsch 155 2,43%
7   Däitschland 151 2,36%
8   Spuenien 121 1,89%
9   Vereenegt Kinnekräich 100 1,57%
10   China 75 1,17%
Top 10 5 268 82,45%
Aner Nationalitéiten 1 121 17,55%

KuckeswäertesÄnneren

Kuckt ochÄnneren

LiteraturÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Zens – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Fernand Cordier, Simone Beck, Die Anhöhe von Cents-Fetschenhof: Episoden einer wechselhaften Geschichte, an: Ons Stad, 119/2019, S. 15
  2. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2021.