Schlassbréck (Stad Lëtzebuerg)
D'Schlassbréck an der Stad Lëtzebuerg ass eng Bréck aus Hasteen, déi de Fëschmaart mam Bockfiels verbënnt. Déi haiteg Bréck ass aus den 1990er Joren an eng Replik vun enger Bréck aus dem fréien 18. Joerhonnert, déi 1993 ofgerappt gouf. Iwwer si féiert d'Nationalstrooss 1; drënner erduerch geet d'Sosthène-Weis-Strooss.
Geographie | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz | Pafendall, Gronn |
Koordinaten |
49° 36’ 41’’ N 06° 08’ 09’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Stroossebréck |
Féiert iwwer | Sosthène-Weis-Strooss |
Technesch Detailer | |
Breet | 8,6 m |
Material | Hasteen |
Bemierkungen | |
Opgaangen | 1735 |
Architekt(en) Konzeptioun | Bridder Kintzelé |
Geschicht
ännerenD'Bréck gouf 1735 vun de Bridder Kintzelé gebaut. Si blouf ronn 2 Joerhonnerte praktesch onverännert. 1933 gouf si eng éischt Kéier méi breet gemaach[1]. 1993 gouf se komplett ofgerappt an à l'identique, wann och méi breet, nees opgebaut. Hir haiteg Breet ass 8,6 m[1]. Fir déi Aktioun krut den deemolege Minister Robert Goebbels de "Gëllene Bagger"[2].
Si besteet aus engem Haaptbou, duerch deen d'Sosthène-Weis-Strooss féiert, dee bis an d'hallef Héicht geet, an doriwwer 5 méi klenge Béi niefteneen. Tëscht deenen 2 "Stäck" Béi verbënnt en Tunnel d'Bock-Kasematten mat deene vun der Alstad.
Historesch Biller
änneren-
Zeechnung vum Christophe-Guillaume Selig (1814)
-
20.November 1918: Däitsch Truppen, ënner dem Kavalleriegenerol Georg von der Marwitz, verloossen d'Stad Lëtzebuerg iwwer d'Schlassbréck.
Um Spaweck
ännerenCommons: Schlassbréck (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 Ons Stad Nr 42, 1993, S. 3.
- ↑ https://www.forum.lu/article/gellene-bagger-1992/