Les amis du musée d'histoire naturelle

De Veräin Les amis du musée d'histoire naturelle, och nach D'Frënn vum Naturmusée genannt, regruppéiert zu Lëtzebuerg Leit, déi sech fir den Naturmusée a fir d'Naturwëssenschafte begeeschteren an asetzen.

De Veräi gouf 1982 gegrënnt[1].

Ziler vum Veräin:

  • d'Ausstrahlung vum Naturmusée fërderen;
  • d'Aktivitéite vum Naturmusée ënnerstëtzen, seng Kollektioune beräicheren a säin Ekipement verbesseren;
  • d'Organisatioun vu Konferenzen, Ausstellungen a vu geféierte Visitten;
  • d'Publikatioun vun Artikelen, Studien a Katalogen.

De Veräin ass Member (Partner) vun natur&ëmwelt.

Referenzen änneren

  1. Cf. d'Ännerunge vun de Statuten am Mémorial C N°261: 12502 vum 21. Abrëll 1998, wou de Veräi follgenden Numm dréit: "D'FRËNN VUM NATURMUSEE - LES AMIS DU MUSÉE D'HISTOIRE NATURELLE, A.s.b.l.". D'Grënnungsstatute fënnt een am Mémorial C N° 98: 4664 aus dem Joer 1982. Grënnungsmembere waren: Marc Bley, Josy Huberty, Claude Meisch, Jim Meisch, Marc Meyer, Léopold Reichling an Norbert Stomp.

Um Spaweck änneren