Rue de Trèves (Stad Lëtzebuerg)

Strooss an der Stad Lëtzebuerg

D'Rue de Trèves ass eng Strooss an de Quartiere Gronn an Zens vun der Stad Lëtzebuerg. Op lëtzebuergesch heescht se Tréierer Strooss oder Tréierer Bierg, en Deel dovun och Kéibierg.

Rue de Trèves
Luxembourg, rue de Trèves - Kéibierg - nom de rue.jpg
Numm lb: Tréierer Strooss,
Tréierer Bierg,
en Deel:Kéibierg
fr: Rue de Trèves
Fréieren Numm de: Trierertorstraße,
Trierer Berg
Bemierkung en Deel gehéiert zur Nationalstrooss 1A
Längt ca. 2.350 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gronn, Zens
Postcode 2631
Koordinaten 49° 36’ 38.1’’ N
06° 08’ 18.5’’ O

Se huet hiren Ufank am Gronn bei der Mënstergaass a leeft vun do aus a Richtung Nordoste respektiv Osten iwwer de Fetschenhaff bis op den Zens, op d'Kräizung mat der Rue des Alouettes vu wou aus d'Zenser Strooss viru féiert.

GeschichtÄnneren

D'Tréierer Strooss ass eng vun den eelste Stroosse vun der Stad. Wärend dem ganze Mëttelalter bis an d'Neizäit war se zesumme mat der Mënstergaass den Haaptzougankswee fir an de Gronn. D'Ufäng vun der Tréierer Strooss gi bis a virgeschichtlech Zäiten zréck, wéi eng Siidlung op der Rumm bestanen huet. Deemools huet se Dinselgaass geheescht, eng Bezeechnung fir eng schmuel Gaass[1].

Déi zweet Tréierer Paart (och nach bannenzeg Tréierer Paart) gouf 1590 uewenzeg vun der Mauer vun der Abtei Neimënster opgeriicht an 1868 beim Schleefe vun der Festung nees ofgerappt. Haut steet op där Plaz eng ugedeit Paart a Form vun enger Stolkonstruktioun déi iwwer d'Strooss féiert.

Ënnerzeg vun der Paart stoung bis 1958 - op der Säit vun der Abtei - d'Gebuertshaus vum Jean de Beck, dem Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg.

Ongeféier 100 Meter ëstlech vun der 2.Tréierer Paart steet déi véiereckeg Dënselpaart (och nach Al Tréierer Paart oder Jakobstuerm) déi ëm 1393 gebaut gouf. D'Strooss féiert gläich duerno iwwer d'Nordstreck vun der Eisebunn ewech.

E bësse weider de Bierg aus läit rietserhand, op der Héicht vum Fort Rubamprez, d'Strock-Kapell, eng fréier beléift Wallfaartsplaz.

KéibiergÄnneren

Den Deel vun der Tréierer Strooss vun ongeféier der Eisebunnsbréck bis bei den Äppelwee housch a fréiere Joerhonnerten offiziell Kéibierg; haut besteet den Numm just nach am Volleksmond. Wou dësen Numm hier kënnt ass net kloer; et ass awer zimmlech sécher, datt et sech ëm eng Wuertverstümmelung handelt.

De François-Xavier Wurth-Paquet ass der Meenung et misst eigentlech Gehberg sinn (géie Bierg) an net Kehberg (Kuhberg, Kéibierg), iwwerdeems den Nicolas van Werveke mengt, den Numm géif vum Gräifvull Geier hierkommen.
Fest steet just, datt d'Bezeechnunge Geyersberg (1506), Gehersberg (1511), Geyersperg (1575) a Geschberg gebraucht goufen, ier iwwerhaapt vum Kuhberg (1714) oder Kühberg (1767) Rieds goung.

Den Ausdrock Geiersberg kéint domat erkläert ginn, datt de Gaalge vun der Abtei um haitege Fetschenhaff stoung.

BillerÄnneren

Kuckt ochÄnneren

LiteraturÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Rue de Trèves (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Reuter, Joseph. (1952). In den Gassen von Stadtgrund. Livre D'or Du Centenaire De La Fanfare Royale Grand-ducale Luxembourg-Grund, Livre d'or du centenaire de la Fanfare royale grand-ducale Luxembourg-Grund. - Luxembourg-Grund : Fanfare royale grand-ducale, 1952 P. 177-309, ill.