D'Grofschaft Chiny war eng Grofschaft, déi am Südweste vun der haiteger Provënz Lëtzebuerg an an Nordweste vum haitegen Departement Meuse louch, e Gebitt, duerch dat d'Semois an d'Kuer derduerchlafen.

Wope vun de Grofe vu Chiny
Wope vun de Grofe vu Looz a Chiny
Wope vun de Grofe vu Chiny an Heinsberg
Wope vum Arnoul vu Rumigny

Warscheinlech goung s'ervir aus der Grofschaft Ivoix[1] (och nach Yvoy, Ivoy[2] oder Yvois), déi an d'Hänn vum Otto vu Warcq gefall ass. Nodeem 971 Chiny gegrënnt gi war, hu sech dem Otto seng Nofollger no där Buerg genannt.

Wéi de Grof Louis IV. vu Chiny 1226 gestuerwen ass, goung d'Grofschaft Chiny un d'Grofschaf Looz iwwer, well dem Louis seng Duechter Jeanne mam Arnoul IV. vu Looz bestuet war.

D'Koppel huet hire Besëtz ënner hiren zwéi Jonge verdeelt:

  • de Louis V, dee jéngsten, gouf 1268 Grof vu Chiny;
  • de Jean, den Eelsten, gouf 1273 Grof vu Looz.

Wéi de Louis 1299 gestuerwen ass, huet säin Neveu Arnoul V., dem Jean säi Jong, Chiny geierft, soudatt déi zwou Grofschaften nees a Personalunioun vereenegt waren.

1362 huet de Godefroid II. vun Heinsberg d'Grofschaft dem Arnoul IV. verkaf, dee se sengersäits 1364 dem Wenzel I. vu Lëtzebuerg verkaf huet. D'Gebitt blouf awer ëmmer nieft dem Herzogtum Lëtzebuerg bestoen, gouf also ni voll integréiert, sou datt dat Ganzt nach am spéiden 18. Joerhonnert als Duché de Luxembourg et Comté de Chiny ernimmt gëtt.

Kuckt och

änneren

Literatur

änneren
  • Arlette Laret-Kayser: Entre Bar et Luxembourg: Le comté de Chiny des origines à 1300. Bruxelles (éditions du Crédit Communal, Collection Histoire, série in-8°, n° 72), 1986; 273 pages; ISBN 2-87193-007-4

Referenzen an Notten

änneren
  1. A. Laret, Christian Dupont, À propos des comtés post-carolingiens : les exemples d'Ivoix et de Bastogne. Revue belge de Philologie et d'Histoire, tome 57, fasc. 4 805–823 (1979). Gekuckt de(n) 16.02.2022.
  2. YVOY, ou IVOY - Wikisource. L'Encyclopédie/1re édition/. fr.wikisource.org. Gekuckt de(n) 16.02.2022.