Ulrichskierch Lëtzebuerg-Stadgronn

fréier Kierch am Gronn vun der Stad Lëtzebuerg
Ulrichskierch
Uertschaft / Plaz Stadgronn
Numm / Patréiner Hl. Ulrich
Baujoer 1050
Koordinaten 49° 36’ 25.2’’ N
      06° 08’ 11.8’’ O
Kierchen - Kapellen


Déi féier Ulrichskierch war eng Kierch am Gronn vun der Stad Lëtzebuerg. Se war dem hellegen Ulrich geweit a stoung widder dem Fiels, ënnerzeg vum Helleg-Geescht-Plateau, op där Plaz wou d'Péitruss an d'Uelzecht fléisst.

Geschicht

änneren

An der Mëtt vum 11. Joerhonnert ass am Gronn e Klouschter mat der Ulrichskrierch entstanen. D'Kierch, déi 1050 gebaut gouf, war déi eelst Parkierch an der Stad Lëtzebuerg a se gouf 1083 schonn an de Grënnungsdokumenter vun der Abtei Almënster ernimmt.[1]

Ronderëm d'Kierch gouf et e Kierfecht op deem - an engem Deel dovun - d'Bierger aus der Uewerstad begruewe goufen, well zu deem Ament d'Nikloskierch an hire Kierfecht nach net bestoungen. Vum Kierfecht aus huet e Wee mat Trapen erop an d'Stad gefouert. Dëse Wee gouf Jufferngaass genannt, well d'Uerdensfraen en ëmmer benotzt hunn. Hautdesdaags besteet dëse Gebrauchsnumm nach fir d'Rue de la Congrégation.

Als Dependance vun Hollerech war d'Ulrichskierch zesumme mat der Gräinskapell eng eege Par, zu där nëmmen d'Haiser an der Tilleschgaass, op der Rumm an nach e puer Haiser baussent de Festungsmauere gehéiert hunn. Dës kleng Par huet zwar net laang bestanen, ma d'Kierch an d'Klouschter goufe 1763 restauréiert.

An der Zäit vun der franséischer Herrschaft ass d'Kierch zougemaach a versteet ginn. D'Miwwele goufe verkaaft an et koum e Buttek an d'Gebai. D'Klacken an den Altor koumen an aner Paren.

Hautdesdaags besteet näischt méi vun de fréiere Gebaier.

Am Februar 2020 hunn d'Preparative fir archeologesch Gruewungen ugefaangen, fir méi iwwer déi fréier Ulrichskierch erauszefannen[2].

 
Archeologesch Gruewungen um fréiere Site vun der Ulrichskierch am September 2020

Referenzen an Notten

änneren
  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 4. Dezember 1942, S. 3.
  2. Ausgrabungen in Stadtgrund vor Start am Luxemburger Wort vum 13. Februar 2020, S. 24