Lambert Michel Runau

lëtzebuergesche Moler
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De (Lambert) Michel Runau, gebuer de 17. September 1874 am Gronn zu Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 18. August 1909[1], war e lëtzebuergesche Moler.

Lambert Michel Runau
Gebuer 17. September 1874
Gronn
Gestuerwen 18. August 1909
Gronn
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Lycéesprofesser

Säi Liewen änneren

De Michel Runau huet am Stater Kolléisch an an der Handwierkerschoul an der Stad geléiert. Duerno goung hien op déi deemoleg École supérieure des arts décoratifs de Strasbourg an op d'Königliche Kunstgewerbeschule zu München.

Vun 1901 bis 1902 war hie Chargé de cours an der Handwierkerschoul an der Stad an huet 1904 seng Maîtrise de dessin gemaacht. Am selwechte Joer gouf hie Chargé de cours am Gymnase zu Dikrech, ier en do 1905 eng Nominatioun als Zeecheprofesser kritt huet.

Ausstellungen änneren

De Michel Runau huet an de Joren 1902, 1906, 1907, 1908 an 1909 op de Salone vum Cercle artistique ausgestallt.

Biller änneren

Literatur änneren

  • Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg, réalisé par l'Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur, S. 112, Imprimerie Saint-Paul, 1987, ISBN 2-87963-000-2

Kuckt och änneren

Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden

Um Spaweck änneren

Commons: Michel Runau – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. "Sterbefall", Luxemburger Bürger-Zeitung, Nr. 94 vum 19. August 1909, S. 2-3