De René Clesse, gebuer de 27. Abrëll 1954 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 11. Juli 2016[1], war e lëtzebuergesche Journalist, Schrëftsteller a Publizist.

René Clesse
Gebuer 27. Abrëll 1954
Gestuerwen 11. Juli 2016
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller, Publizist

Hien huet Kuerzgeschichten, Gedichter, Essays, Kriticken, Satiren a Reportage geschriwwen.

Zanter 1981 war hie Redakter vun der Zäitschrëft ons stad, déi vun der Stad Lëtzebuerg erausgi gëtt.

1993 war hie Matgrënner vun der satirescher Wochenzäitschrëft Den Neie Feierkrop - haut de Feierkrop - an där hie vun 1993 bis 2014 ë. a. ënner de Pseudonymmen Hildy Johnson, Anna Konda an Hugo Habicht geschriwwen huet.[1],[2]

Literatur Änneren

Publikatiounen Änneren

  • René Clesse (Text) & Guy Hoffmann (Biller): Oldtimer in Luxemburg. Menschen und ihre Automobile. Luxemburg 2004, Éditions Saint-Paul, 189 S. [1]

Referenzen an Notten Änneren

  1. 1,0 1,1 Luxemburger Wort vum 12. Juli 2016, S. 19.
  2. René Clesse (1954-2016). De Feierkrop N° 1081 vum 15. Juli 2016, S. 2.