Polvermillen

Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg

D'Polvermillen[1] ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Oste vun der Haaptstad. En ass wat d'Fläch an Awunnerzuel ugeet, dee klengste Quartier vun der Stad

Polvermillen
Vue op d'Polvermillen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Pulvermuhl
de: Pulvermühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 382
  31.12.2022
Fläch 24,82 ha
Héicht 300,9 m
Koordinaten 49° 36’ 32’’ N
      06° 09’ 06’’ O

Geographie änneren

De Quartier grenzt am Norden un de Zens an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Quartieren Hamm, Bouneweg-Süd, Bouneweg-Nord an de Gronn.

D'Polvermillen huet eng Fläch vu 24,82 ha wat just 0,48 % vum Gebitt vun der Stad ausmécht. De Quartier läit op der Uelzecht, op enger Héicht tëscht 248 an 300,9 m.

Numm änneren

Den Numm kënnt vun enger fréierer Millen (1562 dokumentéiert[2]) an där Holzkuele gemuel gouf, déi bei der Fabrikatioun vu Polver gebraucht gouf. Aus engem Akt vu 1668 geet ervir datt do e gewësse Peter Polffer Mëller war, dohier och d'Schreifweis Polffermillen déi een och geleeëntlech fënnt. Ëm 1795 goufen do Käre gemuel an ëm 1843 war do d'Kottengsspënnerei Kuborn. 1862 hu Conrot & Lamort eng Tricotsfabréck do bedriwwen an 1876 gouf se vun der Duchfabréck vun de Bridder Quetschlik a Samson Godchaux iwwerholl.

Geschicht änneren

Den 1. Januar 1874 (Gesetz vum 20. Dezember 1873[3]) gouf d'Gemeng Hamm gegrënnt, déi dunn aus der Sektioun Hamm (mat den Uertschaften Hamm, Schläifmillen, Fetschebuer, Hammer Dällchen, Scheedgronn, Zens an Tawioun)[4]) an aus der Sektioun Polvermille bestanen huet. Dat geschouch andeems déi ganz Sandweiler Sektioun B dite de Hamm an e klengt Stéck vun der Sektioun A vu Sandweiler (hautSection des Fermes) vun der Gemeng Sandweiler ofgespléckt goufen. D'Gemeng Hamm huet hirersäits, zesumme mat de Gemengen Hollerech a Rollengergronn, den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920) mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.

Industrielle Site änneren

Do wou fréier noeneen eng Millen, eng Kottengsspënnerei mat Fierwerei, eng Duchfabrick, en Atelier fir Seelzich ze produzéieren (Secalt) an eng industriell cheemesch Botzerei (Express nettoyage à sec) waren, huet de Stater Gemengerot de 14. Dezember 2015 gréng Luucht gi fir en neie Wunnquartier mat tëscht 200 an 230 Logementer (25.000 m²) a Büroen (1.600 m²) ze bauen. Mat an de Projet agebonne ginn och fënnef Gebaier déi um Inventaire supplémentaire vun den Nationalmonumenter stinn[5]. Dozou gehéieren och den eckege Schaarschtech an d'Kesselhaus an deem d'Dampmaschinn installéiert war.

Ier mat de Bauaarbechten ugefaange ka ginn, muss de Buedem um fréieren Industriesite sanéiert ginn. Nodeems schonn am Summer 2019 déi meescht Réckstänn vun Ueleg a Bensinn vun der Secalt eliminéiert waren[6], ass Enn vun deem Joer och mat den Aarbechten ugefaange ginn, fir de Buedem vun de cheemesche Réckstänn vun der fréierer Botzerei ze sanéieren. Do dernieft mussen och nach zwou Brécke méi breet a méi stabil gemaach ginn[7].

Awunner änneren

2011 hunn op der Polvermillen 330 Leit gewunnt; op den 31.12.2022 waren et der 382. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 30,29 % géintiwwer 69,71 % Auslänner[8].

Polvermillener no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Undeel
TOTAL 362 100,00
1   Lëtzebuerg 116 30,37
2   Portugal 81 21,20
3   Frankräich 43 11,26
4   Italien 19 4,97
5   Rumänien 17 4,45
6   Griicheland 15 3,93
7   Däitschland 12 3,14
8   Belsch 9 2,36
9   Irland 8 2,09
  Vereenegt Kinnekräich 8 2,09
10   Spuenien 5 1,31
Top 10 333 87,17
Aner Nationalitéiten 49 12,83

Biller änneren

Literatur zum Theema änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Polvermillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. och an der Schreifweis Pollfermillen ze fannen
  2. Schneider Klaus,Schläifmillen:Geschichte und Gegenwart
  3. Loi du 20 décembre 1873, créant une nouvelle commune du nom de Hamm op legilux.lu (gekuckt den 10. Februar 2018)
  4. Schreifweis am Gesetzestext: "Schleifmuhl, Fetschenbour, Haemmerstellgen, Scheidgrund, Scheidhof, Zens et Tavion"
  5. 230 logements sur les friches de Pulvermühle op bricks.lu, gekuckt den 18. Abrëll 2020
  6. Pulvermühle: Ein Bauvorhaben sorgt für Aufsehen op wort.lu de 26. Juli 2019, gekuckt den 19. Abrëll 2020
  7. Das weiße Zelt - Sanierungsarbeiten auf früherem Industriegelände in der Pulvermühle haben begonnen op tageblatt.lu den 20. Dezember 2019, gekuckt den 18. Abrëll 2020
  8. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.