Haaptmenü opmaachen

O. W. Fischer

(Virugeleet vu(n) O.W. Fischer)

Den Otto Wilhelm Fischer, gebuer den 1. Abrëll 1915 zu Klosterneuburg an Nidderéisträich, a gestuerwen den 29. Januar 2004 zu Lugano, war en éisträichesche Schauspiller a Filmregisseur.

O. W. Fischer
OWFischer.jpg
Gebuertsnumm Otto Wilhelm Fischer
Pseudonym O. W. Fischer
Gebuer 1. Abrëll 1915
Klosterneuburg
Gestuerwen 29. Januar 2004
Lugano
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Säi LiewenÄnneren

Den O.W. Fischer ass an enger Famill opgewuess, déi sech et gutt stoung; de Papp war Hofrat vun der nidderéisträichescher Landesregierung. No e puer Semesteren Anglistik, Germanistik a Konschtgeschicht goung en 1936 an de Max-Reinhardt-Seminar fir Schauspiller ze léieren.

Seng Carrière op der BünÄnneren

Seng éischt Engagementer krut en beim Theater in der Josefstadt a bei den Münchner Kammerspielen. Tëscht 1938 an 1944 huet hie schonn zum festen Ensembel vum Deutschen Volkstheater Wien gehéiert.
Nom Krich koumen nach vun 1945 bis 1952 de Wiener Burgtheater a seng Optrëtter bei de Salzburger Festspiller.
Hie war ze gesinn an der Titelroll am Hugo von Hofmannsthal sengem Der Schwierige, als Saint Just am Büchner sengem Dantons Tod, am Christian Friedrich Hebbel sengem Demetrius an der Titelroll an a villen aneren.

Seng Carrière beim FilmÄnneren

Seng éischt kleng Roll krut de Fischer 1936 am Film Burgtheater. Méi grouss Rolle koume mat den Hans Moser-Filmer 1939 Anton der Letzte an 1940 am Meine Tochter lebt in Wien.

An de Krichsjore war hie beschäftegt mat sympathesche jonke Mënsch-Rollen an "onpolitesche" Filmer: Der Meineidbauer 1941, Wien 1910 1942, Sommerliebe 1942, Glück unterwegs 1944 an den Sieben Briefe 1944.

FilmographieÄnneren

Am KinoÄnneren

Als SchauspillerÄnneren

vun 1936 bis 1939Änneren
vun 1940 bis 1949Änneren
vun 1950 bis 1959Änneren
vun 1960 bis 1969Änneren

Als RegisseurÄnneren

Televisioun (Auswiel)Änneren

Als SchauspillerÄnneren

GielercherÄnneren

  • Bambi 1953, 1954, 1955, 1958, 1959, 1960, 1961, 1987, 1990, 1992.

BicherÄnneren

  • O. W. Fischer: Engelsknabe war ich keiner. Erinnerung an eine Jugend, 1986, Langen-Müller, München
  • O. W. Fischer: Meine Geheimnisse, 2000, Langen-Müller, München, ISBN 3784427707. A senger Autobiographie geet de Fischer ausféierlech op seng "Liewensphilosofie", d' Allhypnose an.

Um SpaweckÄnneren