Foussball-Weltmeeschterschaft 2006
Déi 18. FIFA Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 vun de Männer gouf vum 9. Juni bis den 9. Juli 2006 an Däitschland ausgedroen a vun der italieenscher Nationalmannschaft gewonnen.
32 Mannschafte si fir d'éischt a Gruppen an duerno an Ausscheedungsspiller géinteneen ugetrueden. Am Ganze goufe 64 Matcher gespillt.
Bei der Kandidatur hat sech Däitschland de 6. Juli 2000 géint Brasilien, Marokko, England an zulescht an der Finall mat zwielef zu eelef Stëmme géint Südafrika duerchgesat. Méiglecherweis entscheedent fir d'Stëmmeverhältnis war dobäi e Bestiechungsbréif vum däitsche Satir-Magazin Titanic, deen no der eegener Ausso zur decisiver Stëmmenenthalung vum neiséilännesche FIFA-Vertrieder Charles Dempsey gefouert huet.
D'Motto vun der Kandidatur an der Ennronn heescht: „Die Welt zu Gast bei Freunden“ (A time to make friends) a soll d'Verbonnenheet vun den Däitsche mam Sport an hir Gaaschtfrëndschaft ausdrécken.
Den 1. Februar 2005 huet de Kaartevirverkaf fir d'WM ugefaangen. D'offiziellt Maskottche fir d'WM, e Léiw, gouf den 13. November 2004 virgestallt an heescht Goleo VI. Weider WM-2006-Symboler, déi den Oranisatiounskommitee ëm de Franz Beckenbauer virgestallt huet, sinn den offizielle Logo, deen aus faarwege Gesiichter besteet, an dat offiziellt WM-Plakat (déifblo, mat winzege Stärecher, déi sech zu engem Foussball verbannen).
Kuckt och:Maskottchen, Logo a Plakat.
De FIFA-Konfederatioune-Pokal 2005, deen och an Däitschland war, huet als Generalprouf fir dës Weltmeeschterschaft gegollt.
D'Matcher vun der WM 2006 wäerten op Wuesterrainen (Naturwues) ofgehale ginn. Fir soss all Turnéier- an Qualifikatiounsmatcher op FIFA-Niveau goufen och Konschtwuesbeläg zougelooss, souwäit wéi se de Qualitéitskrittäre vun der FIFA entspriechen. Gespillt gëtt mam offizielle WM-Ball vum bekannte Sportartikelproduzent Adidas mam Numm +Teamgeist™.
WM - Stied
ännerenStad | Original Stadion | Numm vum Stadion fir d'WM 2006 | Club | Capacitéit |
---|---|---|---|---|
Berlin | Olympiastadion | Olympiastadion | Hertha BSC Berlin | 77.176 |
Dortmund | Signal Iduna Park | FIFA World Cup Stadium, Dortmund | Borussia Dortmund | 64.000 |
Frankfurt | Commerzbank-Arena | FIFA World Cup Stadium, Frankfurt | Eintracht Frankfurt | 50.132 |
Gelsenkirchen | Veltins-Arena | FIFA World Cup Stadium, Gelsenkirchen | FC Schalke 04 | 53.804 |
Hamburg | AOL Arena | FIFA World Cup Stadium, Hamburg | Hamburger SV | 51.055 |
Hannover | AWD-Arena | FIFA World Cup Stadium, Hanover | Hannover 96 | 44.652 |
Kaiserslautern | Fritz-Walter-Stadion | Fritz-Walter-Stadion | 1. FC Kaiserslautern | 41,170 |
Köln | RheinEnergieStadion | FIFA World Cup Stadium, Köln | 1. FC Köln | 46.120 |
Leipzig | Zentralstadion | Zentralstadion | FC Sachsen Leipzig | 44.199 |
München | Allianz Arena | FIFA World Cup Stadium, München | FC Bayern München, TSV 1860 München | 66.000 |
Nürnberg | Franken-Stadion | Franken-Stadion | 1. FC Nürnberg | 41.926 |
Stuttgart | Gottlieb-Daimler-Stadion | Gottlieb-Daimler-Stadion | VfB Stuttgart | 54.267 |
Ekippen
ännerenFir d'éischt Kéier bei enger Foussball-Weltmeeschterschaft derbäi sinn Tschechien, d'Ukrain, Angola, d'Côte d'Ivoire, Ghana, Togo sou wéi Trinidad an Tobago.
14 aus Europa | Däitschland | England | Frankräich | Italien | Kroatien |
Holland | Polen | Portugal | Schweden | Schwäiz | |
Serbien-Montenegro | Spuenien | Tschechien | Ukrain | ||
4 aus Südamerika | Argentinien | Brasilien | Ecuador | Paraguay | |
4 aus Nord- a Mëttelamerika | Costa Rica | Mexiko | Trinidad an Tobago | USA | |
5 aus Afrika | Angola | Côte d'Ivoire | Ghana | Togo | Tunesien |
4 aus Asien | Iran | Japan | Saudi-Arabien | Südkorea | |
1 aus Ozeanien | Australien |
Schidsriichter
ännerenAus enger Virauswiel vu 44 Schiedsriichter goufen der fir d'éischt emol 23 fir d'Foussball Weltmeeschterschaft nominéiert. De Carlos Batres (Guatemala), de Kyros Vassaras (Griicheland) an de Manuel Mejuto González (Spuenien) goufe wéinst Blessuren oder wéinst ze wéineg Leeschtungen am Fitness vun der Lëscht gestrach a goufen duerch de Roberto Rosetti (Italien), de Luis Medina Cantalejo (Spuenien) an de Marco Rodriguez (Mexiko) ersat. De Massimo De Santis (Italien) gouf wéinst engem Verdacht op Ofsprooch vu Resultater mat Juventus Turin wärend der Saison 2005/2006 an der italieenescher Serie A vun der Lëscht gestrach. Et gouf keen Ersatz fir hien nominéiert. E puer Deeg nom Ufank vum Turnéier huet de Peter Prendergast (Jamaika) sech um Knéi blesséiert an ass mat sengen Assistenten erëm heem gefuer. 21 Schidsriichter hunn d'Matcher op der WM gepaff:
Spillplang
ännerenQualifikatioun
ännerenD'Qualifikatiounsspiller fir d'WM 2006 ware vum 6. September 2003 bis de 16. November 2005. Am Ganze waren 200 Ekippe gemellt.
Kuckt heizou och den Artikel: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Qualifikatioun
Virronnen
ännerenEt gëtt aacht Gruppe mat véier Ekippen. Déi jeeweils éischt zwou Ekippe qualifizéiere sech fir d'Aachtelsfinall.
Grupp A
ännerenPlaz | Land | Goler | Punkten |
---|---|---|---|
1 | Däitschland | 8:2 | 9 |
2 | Ecuador | 5:3 | 6 |
3 | Polen | 2:4 | 3 |
3 | Costa Rica | 3:9 | 0 |
Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp A
Grupp B
ännerenPlaz | Land | Goler | Punkten |
---|---|---|---|
1 | England | 5:2 | 7 |
2 | Schweden | 3:2 | 5 |
3 | Paraguay | 2:2 | 3 |
4 | Trinidad an Tobago | 0:4 | 1 |
Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp B
Grupp C
ännerenPlaz | Land | Goler | Punkten |
---|---|---|---|
1 | Argentinien | 8:1 | 7 |
2 | Holland | 3:1 | 7 |
3 | Côte d'Ivoire | 5:6 | 3 |
4 | Serbien a M. | 2:10 | 0 |
Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp C
Grupp D
ännerenPlaz | Land | Goler | Punkten |
---|---|---|---|
1 | Portugal | 5:1 | 9 |
2 | Mexiko | 4:3 | 4 |
3 | Angola | 1:2 | 2 |
4 | Iran | 2:6 | 1 |
Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp D
Grupp E
ännerenPlaz | Land | Goler | Punkten |
---|---|---|---|
1 | Italien | 5:1 | 7 |
2 | Ghana | 4:3 | 6 |
3 | Tschechien | 3:4 | 3 |
4 | USA | 2:6 | 1 |
Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp E
Grupp F
ännerenPlaz | Land | Goler | Punkten |
---|---|---|---|
1 | Brasilien | 7:1 | 9 |
2 | Australien | 5:5 | 4 |
3 | Kroatien | 2:3 | 2 |
4 | Japan | 2:7 | 1 |
Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp F
Grupp G
ännerenPlaz | Land | Goler | Punkten |
---|---|---|---|
1 | Schwäiz | 4:0 | 7 |
2 | Frankräich | 3:1 | 5 |
3 | Südkorea | 3:4 | 4 |
4 | Togo | 1:6 | 0 |
Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp G
Grupp H
ännerenPlaz | Land | Goler | Punkten |
---|---|---|---|
1 | Spuenien | 8:1 | 9 |
2 | Ukrain | 5:4 | 6 |
3 | Tunesien | 3:6 | 1 |
4 | Saudi-Arabien | 2:7 | 1 |
Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Grupp H
Finallronn
ännerenAachtelsfinall | Véirelsfinall | Halleffinall | Finall | |||||||||||||||
24. Juni, München | ||||||||||||||||||
A | Éischten | Däitschland | 2 | |||||||||||||||
30. Juni, Berlin | ||||||||||||||||||
B | Zweeten | Schweden | 0 | |||||||||||||||
Däitschland | 1(4)² | |||||||||||||||||
24. Juni, Leipzig | ||||||||||||||||||
Argentinien | 1(2) | |||||||||||||||||
C | Éischten | Argentinien | 1(2)¹ | |||||||||||||||
4. Juli, Dortmund | ||||||||||||||||||
D | Zweeten | Mexiko | 1(1) | |||||||||||||||
Däitschland | 0(0) | |||||||||||||||||
26. Juni, Kaiserslautern | ||||||||||||||||||
Italien | 0(2)¹ | |||||||||||||||||
E | Éischten | Italien | 1 | |||||||||||||||
30. Juni, Hamburg | ||||||||||||||||||
F | Zweeten | Australien | 0 | |||||||||||||||
Italien | 3 | |||||||||||||||||
26. Juni, Köln | ||||||||||||||||||
Ukrain | 0 | |||||||||||||||||
G | Éischten | Schwäiz | 0 | |||||||||||||||
9. Juli, Berlin | ||||||||||||||||||
H | Zweeten | Ukrain | 0(3)² | |||||||||||||||
Italien | 1(5)² | |||||||||||||||||
25. Juni, Stuttgart | ||||||||||||||||||
Frankräich | 1(3) | |||||||||||||||||
B | Éischten | England | 1 | |||||||||||||||
1. Juli, Gelsenkirchen | ||||||||||||||||||
A | Zweeten | Ecuador | 0 | |||||||||||||||
England | 0(1) | |||||||||||||||||
25. Juni, Nürnberg | ||||||||||||||||||
Portugal | 0(3)² | |||||||||||||||||
D | Éischten | Portugal | 1 | |||||||||||||||
5. Juli, München | ||||||||||||||||||
C | Zweeten | Holland | 0 | |||||||||||||||
Portugal | 0 | |||||||||||||||||
27. Juni, Dortmund | ||||||||||||||||||
Frankräich | 1 | Spill ëm d'drëtt Plaz | ||||||||||||||||
F | Éischten | Brasilien | 3 | |||||||||||||||
1. Juli, Frankfurt | 8. Juli, Stuttgart | |||||||||||||||||
E | Zweeten | Ghana | 0 | |||||||||||||||
Brasilien | 0 | Däitschland | 3 | |||||||||||||||
27. Juni, Hannover | ||||||||||||||||||
Frankräich | 1 | Portugal | 1 | |||||||||||||||
H | Éischten | Spuenien | 1 | |||||||||||||||
¹ Gewonnen no der Verlängerung ² Gewonnen nom Elefmeterschéissen | ||||||||||||||||||
G | Zweeten | Frankräich | 3 | |||||||||||||||
Aachtelsfinall
ännerenKuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Aachtelsfinall
Véierelsfinall
ännerenKuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Véirelsfinall
Halleffinall
ännerenDi, 4. Juli 2006, 21 Uhr in Dortmund | |||
Däitschland |
- | Italien | 0:2 n. V. |
Mi, 5. Juli 2006, 21 Uhr in München | |||
Portugal | - | Frankräich | 0:1 (0:1) |
Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Halleffinall
Spill em déi 3. Plaz
ännerenSa, 8. Juli 2006, 21 Auer zu Stuttgart | |||
Däitschland | - | Portugal | 3:1 (0:0) |
Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/3. Plaz
Finall
ännerenSo, 9. Juli 2006, 20 Auer zu Berlin | |||
Italien | - | Frankräich | 6:4 n. E., 1:1 n. V. (1:1, 1:1) |
Kuckt och: Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Finall
Organisatioun
ännerenWM-Quartéier
ännerenDës Tabell lëscht d'WM-Quartéier vun de qualifiziéierte Mannschafte vun der Foussballweltmeeschterschaft 2006 op. Opfälleg ass, datt ausser am Groussraum Berlin (Däitschland zu Berlin selwer an d'Ukrain zu Potsdam) soss keen Team an engem ostdäitsche Bundesland säi Lager opschléit, awer och net a Schleswig-Holstein oder am Saarland.
Land | Stad | Hotel | Trainingsterrain |
---|---|---|---|
Angola | Celle (Niedersachsen) | Ringhotel Celler Tor | Günther-Volker-Stadion |
Argentinien | Herzogenaurach (Bayern) | Herzogsparkhotel | Adidas-Stadion |
Australien | Zweiflingen (Baden-Württemberg) | Wald- und Schlosshotel | --- |
Brasilien (Virronn) | Königstein (Hessen) | Kempinski Hotel Falkenstein | Sportanlage Alt Königblick |
Brasilien (Finallronn) | Bergisch Gladbach (Nordrhein-Westfalen)* | Schlosshotel Lerbach | --- |
Costa Rica | Walldorf (Baden-Württemberg) | Holiday Inn Heidelberg-Walldorf | Dietmar-Hopp-Stadion, Sinsheim-Hoffenheim |
Däitschland | Berlin | Schlosshotel Grunewald | Olympia-Gelände |
Ecuador | Bad Kissingen (Bayern) | Bristol Hotel | --- |
Côte d'Ivoire | Niederkassel (Nordrhein-Westfalen) | Klostermannshof | --- |
England | Baden-Baden (Baden-Württemberg) | Schlosshotel Bühlerhöhe | Jahnstadion zu Bühl |
Frankräich | Aerzen (Niedersachsen) | Schloßhotel Münchhausen | Weserbergerland-Stadion Hameln |
Ghana | Würzburg (Bayern) | Hotel Maritim | Stadion am Dallenberg |
Iran | Friedrichshafen (Baden-Württemberg) | Ringhotel Krone | Sportanlage VfB Friedrichshafen |
Italien | Duisburg (Nordrhein-Westfalen) | Landhaus Milser | Trainingsgelände MSV Duisburg |
Japan | Bonn (Nordrhein-Westfalen) | Hilton Hotel | Sportpark Nord |
Kroatien | Bad Brückenau (Bayern) | Dorint Resort & Spa | --- |
Mexiko | Göttingen (Niedersachsen) | Hotel Freizeit Inn | Jahnstadion |
Holland | Hinterzarten (Baden-Württemberg) | Parkhotel Adler | Badenova-Stadion Freiburg |
Paraguay | Oberhaching (Bayern) | Sportschule Oberhaching | Sportschule |
Polen | Barsinghausen (Niedersachsen) | Sportschule Barsinghausen | Sportanlage Barsinghausen |
Portugal | Harsewinkel, Ortsteil Marienfeld (Nordrhein-Westfalen) | Sporthotel Klosterpforte | Heidewaldstadion Gütersloh |
Saudi-Arabien | Bad Nauheim (Hessen) | Hotel Dolce | Waldstadion Bad Nauheim |
Schweden | Bremen | Park-Hotel | Weserstadion Platz 11 |
Schwäiz | Bad Bertrich (Rheinland-Pfalz) | Kurhotel Fürstenhof | Ueßbachtal Stadion |
Serbien a Montenegro | Billerbeck (Nordrhein-Westfalen) | Hotel Weißenburg | Benachbarte Sportplätze |
Spuenien | Kamen (Nordrhein-Westfalen) | Sportschule Kaiserau | Sportschule Kaiserau |
Südkorea | Bergisch Gladbach, Ortsteil Bensberg (Nordrhein-Westfalen) | Grandhotel Schloss Bensberg | BayArena Leverkusen |
Togo | Wangen im Allgäu (Baden-Württemberg) | Hotel Waltersbühl | Allgäu Stadion Wangen |
Trinidad an Tobago | Rotenburg (Wümme) (Niedersachsen) | Landhaus Wachtelhof | Stadion „In der Ahe“ |
Tschechien | Westerburg (Rheinland-Pfalz) | Lindner Hotel und Sporting Club Wiesensee | Rasenplatz am Hotel |
Tunesien | Schweinfurt (Bayern) | Mercure Hotel | Willy-Sachs-Stadion |
Ukrain | Potsdam (Brandenburg) | Seminaris Seehotel | Stadion Luftschiffhafen |
USA | Hamburg | Royal Hyatt Hotel | HSV-Trainingsgelände Ochsenzoll |
Foussballschidsriichter | Neu Isenburg, Ortsteil Gravenbruch (Hessen) | --- | --- |
*Brasilien zitt am Fall wou se Gruppen-Éischte ginn op Bergisch-Gladbach em.
Sponsoren
ännerenDéi offiziell Partner vun der FIFA fir d'Foussball-WM sinn: Anheuser-Busch, adidas, Avaya, Coca-Cola, Continental, Deutsche Telekom, Emirates, Fujifilm, Gillette, Hyundai, Mastercard, McDonald's, Philips, Toshiba anYahoo!. Donieft sinn nach iwwer 60 Milliounen Euro vun nationale Sponsoren zur Verfügung gestallt ginn.
- D'Lëscht vun den Top-Goljeeër:
Plaz Spiler Goler 1 Miroslav Klose 5 2 Hernán Crespo 3 Thierry Henry 3 Lukas Podolski 3 Maxi Rodríguez 3 Ronaldo 3 Fernando Torres 3 David Villa 3 Zinédine Zidane 3
Um Spaweck
ännerenCommons: FIFA Fußball-Weltmeisterschaft Deutschland 2006 – Biller, Videoen oder Audiodateien |