10. Mäerz
Datum
<< | Mäerz | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 |
2024 |
Den 10. Mäerz ass den 69. Dag (70. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 241 v. Chr.: D'Réimer versenken d'karthagesch Flott; Enn vum 1. Punesche Krich.
- 1629: De Kinnek Charles I. léist d'englescht Parlament op.
- 1791: Frankräich: De Poopst Pius VI. verurteelt d'Zivilverfaassung vum Klerus.
- 1814: Den Napoleon gëtt an der Schluecht vu Laon geschloen.
- 1831: D'franséisch Friemelegioun gëtt vum Louis Philippe gegrënnt.
- 1893: D'Côte d'Ivoire gëtt eng franséisch Kolonie.
- 1911: Frankräich féiert déi a ganz Westeuropa gëlteg Greenwich Mean Time (GMT) Zäit an.
- 1951: Den Henri Queuille gëtt Premierminister vu Frankräich.
- 1952: De Fulgencio Batista putscht sech a Kuba un d'Muecht.
- 1966: D'Hollännesch Krounpinzessin Beatrix bestit de Claus von Amsberg.
- 1987: Den Charles Haughey gëtt Premierminister vun Irland.
- 1995: De Konstantinos Stefanopoulos gëtt griichesche Staatspresident.
- 2004: De Kostas Karamanlis gëtt griichesche Ministerpresident.
- 2017: D'südkoreanesch Presidentin Park Geun-hye gëtt vun hirem Amt suspendéiert.
Lëtzebuerg
änneren- 1936: D'Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad Lëtzebuerg gëtt ageweit.
Sport
änneren- 1940: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 3:4 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gusty Kemp (2) a Paul Feller geschoss.[1]
- 1946: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:6 géint Holland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Edy Lahure a Paul Feller geschoss.[2]
- 1957: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Berlin 0:3 géint d'DDR.[3]
- 1970: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Eindhoven 0:3 géint Holland.[4]
- 1999: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Island. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Marcel Christophe geschoss.[5]
Gebuer
änneren-
Ferdinand II.
-
Friedrich Schlegel
-
Arthur Honegger
-
Sharon Stone
- 1452: Ferdinand II. vun Aragón, "de Kathouleschen", Kinnek vun Aragon, Sizilien an Neapel.
- 1503: Ferdinand I., Keeser vum Hellege Réimesche Räich (1558 bis 1564).
- 1772: Friedrich Schlegel, däitsche Philosoph a Schrëftsteller.
- 1810: Auguste-Boniface Ghiesbreght, belsche Botaniker.
- 1852: Richard Anschütz, däitsche Cheemiker.
- 1870: Eugène Michel Antoniadi, griicheschen Astronom.
- 1888: Barry Fitzgerald, iresche Schauspiller.
- 1892: Arthur Honegger, franséisch-Schwäizer Komponist.
- 1910: Albert Gricius, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1919: Jean Lefebvre, franséische Schauspiller.
- 1920: Boris Vian, franséische Schrëftsteller, Ingenieur, Jazztrompetist, Chansonnier, Schauspiller.
- 1923: Val Fitch, US-amerikanesche Physiker, Nobelpräisdréier.
- 1925: Manolis Anagnostakis, griicheschen Dichter.
- 1927: Paul Wunderlich, däitsche Moler a Graphiker.
- 1927: Claude Laydu, franséische Schauspiller.
- 1928: Sara Montiel, spuenesch Schauspillerin.
- 1930: Michel Braun, lëtzebuergesche Schéisser.
- 1930: Emile Burggraff, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- 1932: Dominique Zago, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1938: Marina Vlady, franséisch Schauspillerin.
- 1939: Charles-Marie Ternes, docteur en philosophie et lettres, Professer am Lycée Robert-Schuman.
- 1940: Christian Gion, franséische Filmregisseur.
- 1940: Chuck Norris, US-amerikanesche Schauspiller a Karateweltmeeschter.
- 1945: Pierre Seck, lëtzebuergesche Cheemiker a Chimiesprofesser.
- 1952: Morgan Tsvangirai, simbawesche Politiker.
- 1956: Gérard Claude, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 1957: Osama Bin Laden, Chef vum Terroriste-Reseau Al-Kaida.
- 1957: Fernand Etgen, lëtzebuergesche Politiker.
- 1958: Sharon Stone, US-amerikanesch Filmschauspillerin
- 1961: Gérard Jeitz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1985: Jeff Eich, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1999: Maxime Hoffmann, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
Gestuerwen
änneren- 1832: Muzio Clementi, italieenesche Komponist, Pianist a Dirigent.
- 1901: Prosper Clasen, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Professer an Auteur.
- 1937: Corneille Lentz, lëtzebuergesche Moler an Olympionik.
- 1965: Jean Boyer, franséische Regisseur, Dréibuchauteur a Lidderschreiwer.
- 1973: Robert Siodmak, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1984: Roger Soubie, franséische Moler an Zeechner.
- 1985: Konstantin Ustinowitsch Tschernenko, sowjetesche Politiker.
- 1986: Ray Milland, brittesche Schauspiller a Regisseur.
- 1998: Lloyd Bridges, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2004: Paul Oster, lëtzebuergeschen Auteur an Dëschtennisspiller.
- 2005: Jacqueline Pierreux, franséisch Schauspillerin.
- 2006: Jim Hoffstetter, lëtzebuergesche Foussballspiller a Sportsjournalist.
- 2012: Jean Giraud (Mœbius), franséische BD-Auteur.
- 2018: Hubert de Givenchy, franséische Couturier.
- 2018: Armand Huberty, lëtzebuergeschen Turner.
- 2018: Paolo Nuzzi, italieenesche Filmregisseur.
- 2024: Percy Adlon, däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 10. Mäerz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 10. Mäerz 1940 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland den 10. Mäerz 1946 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch DDR-Lëtzebuerg den 10. Mäerz 1957 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 10. Mäerz 1970 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Island den 10. Mäerz 1999 op der Websäit European Football.info