Tschechesch Republik

Land a Mëtteleuropa
(Virugeleet vu(n) Tschechien)
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Tschechesch Republik (tschechesch: Česká republika) oder Tschechien (Česko) ass e Land a Mëtteleuropa. Et grenzt am Norden u Polen, am Osten un d'Slowakei, Éisträich am Süden, an Däitschland am Westen.

Česká republika, Česko

Tschechesche Fändel

Tschechescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Pravda vítězí
("D'Wouregt gewënnt")
Offiziell Sprooch: Tschechesch
Haaptstad: Prag
Staatsform: Republik
 • President: Petr Pavel
 • Premierminister: Petr Fiala
Fläch: 78 871 km² (115.)
 • Dovu Waasser: 2,12 %
Bevëlkerung: 10 701 777[1] (86.)
 • Bevëlkerungsdicht: 136/km²
Onofhängegkeet: 1. Januar 1993 (Tschechien)
28. Oktober 1918 (Tschechoslowakei)
Nationalfeierdag: 28. Oktober
Nationalhymn: Kde domov můj?
(Lauschteren)
Wärung: Tschechesch Kroun (CZK)
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .cz
Internationalen
Telefonsprefix
:
+420

1918, nodeem d'éisträischech-ungaresch Duebelmonarchie nom Éischte Weltkrich an d'Gette gaange war, gouf d'Tschechoslowakei, de Virgängerstaat vum haitegen Tschechien an der Slowakei gegrënnt. Vun Nazidäitschland besat an opgeléist gouf d'Tschechoslowakei 1945 frësch opgeriicht a war vun 1948 un e kommunistesch regéierte Staat. D'Federatioun huet d'Tschechesch Sozialistesch Republik an d'Slowakesch Sozialistesch Republik um Pabeier gläichgestallt, gouf an der Praxis awer staark vun den Tscheschen dominéiert. Enn 1989, no de sametter Revolutioun huet d'Kommunistesch Partei der Oppositioun misse Plaz maachen. Den 1. Januar 1993 sinn Tschechien an d'Slowakei offiziell vun enee getrennt hirer eegener Wee an d'Onofhängegkeet gaangen.

D'Tschechesch Republik ass zanter 1999 Member vun der NATO a vun 2004 un an der Europäescher Unioun.

Haaptstad a gréisst Stad am Land ass Prag.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tschechesch Republik – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Population of Municipalities – 1 January 2021". Czech Statistical Office. 30 April 2021.