Visions of Europe

Film vu 25 Regisseuren aus Europa (2004)

Visions of Europe ass en europäesche Film mat 25 Kuerzfilmsegmenter vu 25 europäesche Regisseuren aus dem Joer 2004.

Visions of Europe
Film
Produktiounsland Däitschland,
Tschechesch Republik,
Éisträich,
Belsch,
Zypern,
Dänemark,
Estland,
Finnland,
Frankräich,
Griicheland,
Ungarn,
Irland,
Italien,
Lettland,
Litauen,
Lëtzebuerg,
Malta,
Holland,
Polen,
Portugal,
Slowakei,
Slowenien,
Spuenien,
Schweden,
Vereenegt Kinnekräich
Première 1. Mee 2004
Dauer 140 min
Faarf Faarweg
Format 16:9
Originalsprooch Däitsch,
Dänesch,
Portugisesch,
Slowakesch,
Schweedesch,
Englesch,
Griichesch,
Italieenesch,
Litauesch,
Polnesch,
Hollännesch,
Franséisch,
Lëtzebuergesch,
Sloweenesch,
Tschechesch,
Spuenesch,
Malteesesch,
Tierkesch
Ekipp
Regie verschidde fir all Film
Dréibuch verschidde fir all Film
Fotografie verschidde fir all Film
Schnëtt verschidde fir all Film
Produktiouns-
gesellschaft
Zentropa, Arte, ZDF
Schauspiller
verschidde fir all Film
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Hannergrond

änneren

D'Iddi fir de Film kënnt vum dänesche Filmregisseur Lars von Trier. En ass den 1. Mee 2004 fir d'éischt Kéier op der Televisioun gelaf, de selwechten Dag, wéi 10 nei Länner EU-Memberstaate goufen. Fir de Film hu 25 Regisseuren a Regisseurinnen aus 25 europäesche Länner e Segment vu 5 Minutte gedréint. D'Thema war "Europa" an d'Filmformat 16:9. Fir de Rescht hate si absolut kënschtleresch Fräiheet.[1][2]

De Film ass op enger Rei Filmfestivalle gelaf, dorënner um Filmfestival vu Locarno.

Iwwersiicht

änneren

Dat lëtzebuergescht Segment

änneren

Dat lëtzebuergescht Segment The Language School gouf vum Andy Bausch geschriwwen, gedréint a produzéiert.

Et geet ëm en Zouhälter (gespillt vum Hervé Sogne), deen eng Rei litauesch Prostituéiert (Runa Egilsdóttir, Gintare Parulyte, Mendaly Ries, Claudia Girotto, Sarah Cottani) an e Sproochecours bréngt, wou en EU-Beamten (Marco Lorenzini) hinne lëtzebuergesch Ausdréck bäibréngt, déi si fir hir Aarbecht brauchen. E Pechert (Franck Sasonoff) ass an eng vun de Fraen, d'Ludmilla, verléift. Hie geet an d'Klass niewendrun, wou e Mann enger Grupp Erwuessene bäibréngt, wéi een e Pechert op Lëtzebuergesch beleidegt wann een e Protokoll kritt. Ee vun de Schüler (Christian Kmiotek) schléit dem Pechert eng op de Bak. Hie geet op d'Toilett well seng Nues blutt a begéint dem Ludmilla am Gank. Si kësse sech. Den Zouhälter rifft de Pechert, mä déi aner Frae stelle sech virun de Pechert an d'Ludmilla fir se ze schützen.

De Serge Tonnar huet d'Filmmusek geschriwwen, de Klaus Peter Weber d'Kameraarbecht gemaach an de Misch Bervard de Schnëtt.

Lëtzebuerger Filmsegment op YouTube

änneren

Referenzen

änneren
  1. film-center.si: A Film Omnibus “Visions Of Europe” (4. Februar 2004)
  2. L’Europe audiovisuelle Sur l’imaginaire social de Visions of Europe (2004) vum Raphaël Szöllösy