Europäesch Demokratesch Partei
zentral europäesch politesch Partei
D'Europäesch Demokratesch Partei (EDP; en.: European Democratic Party; fr.: Parti démocrate européen; de.: Europäische Demokratische Partei) ass eng zentristesch politesch Partei op europäeschem Niveau, déi sech fir d'europäesch Integratioun staark mécht. Si ass de 16. Abrëll 2004 initiéiert an den 9. Dezember 2004 offiziell zu Bréissel gegrënnt ginn.[1]
Europäesch Demokratesch Partei | |
---|---|
Ofkierzung | EDP |
President | François Bayrou |
Gegrënnt | 9. Dezember 2004 |
Parteizentral |
Rue de l'Industrie 4 1000 Bréissel Belsch |
Ideologien |
Zentrismus Liberalismus |
Politesch Positioun | Zentrum |
Faarwen | Blo an Orange |
Europaparlament |
10/720 Sëtz |
Websäit | www.democrats.eu |
2016 ware 16 regional oder national Parteie Member vun der EDP, dorënner de franséische Mouvement démocrate an d'Baskesch Nationalistesch Partei.
Um Spaweck
ännerenCommons: Europäesch Demokratesch Partei – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ tlu.ee: European Demoratic Party (EDP)