Emile Gretsch
lëtzebuergesche Fechter a Fraendokter
Den Emile (Bub) Gretsch, gebuer den 12. August 1908 zu Iechternach, an do gestuerwen den 18. Juli 2004, war e lëtzebuergesche Fechter[1] a Fraendokter.
Emile Gretsch | |
---|---|
Gebuer |
12. August 1908 Iechternach |
Gestuerwen | 17. Juli 2004 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fechter |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1956, Olympesch Summerspiller 1952, Olympesch Summerspiller 1948 |
Hien huet am Fechten un 3 Olympesche Spiller deelgeholl (1948, 1952 a 1956) an huet sech individuell 1948 am Florett als 5., am Degen als 8. an 1952 mat der Ekipp als 4. am Dege klasséiert.
Den Emile Gretsch war Haffdokter an duerno Médecin de la Cour honoraire. Hie war de Jong vum Dr. Gust Gretsch.
Sportleche Palmarès
ännerenOlympesch Spiller
änneren- 8. (1948 zu London, Degen individuell)
- 4. (1952 zu Helsinki, Lëtzebuerger Ekipp:Paul Anen, Léon Buck, Emile Gretsch, Fernand Leischen)
Aner sportlech a parasportlech Aktivitéiten
änneren- 1951-1957: President vun der lëtzebuergescher Fechter-Federatioun
- Grënnungsmember vun der Société luxembourgeoise de la Médecine Sportive (S.L.M.S.)
- 1966-1972: President vun der Société luxembourgeoise de la Médecine Sportive (S.L.M.S.)
Sportlech Auszeechnungen
änneren- 1984: Präis als Fair-Player am Sport
- Präisdréier vun der CIO-Trophée Ethique sportive, déi den deemolegen Ierfgroussherzog Henri him 1998 fir säi Liewenswierk am Sport iwwerreecht huet
- Kreatioun vun engem Challenge Dr Emile Gretsch fir Junioren am Fechten
Gielercher
änneren- Großes Silbernes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[2].
Literatur
änneren- Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652 (Emile Gretsch, S. 635-636).
- Luxemburger Wort, 1988. Hofarzt Dr. Emile Gretsch wird 80. Luxemburger Wort 1988, Nr. 186 (12. August), S. 5.
- Schwebag, P., 1999. Dr. Gust Gretsch (1867-1960). In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1999. Années 1997-1998, S. 265-273 (Emile Gretsch, S. 273).