De Robert Knight Morgan, gebuer den 31. Juli 1918 zu Asheville an Nord Carolina, an och do gestuerwen, de 15. Mee 2004, war en amerikaneschen Air Force Colonel a Pilot vun der B-17 Flying Fortress Memphis Belle am Zweete Weltkrich.

Robert K. Morgan
Gebuer 31. Juli 1918
Asheville
Gestuerwen 15. Mee 2004
Asheville
Nationalitéit USA
Aktivitéit Offizéier, Pilot

De Morgan hat e Finanzstudium op der Wharton School vun der University of Pennsylvania gemaach, éier hien 1940 bei U.S. Airforce koum. Nodeem hie säi Piloteschäin hat, gouf hien den 12. Dezember 1941 second Lieutenant genannt, an no engem Spezialtraining zu Walla Walla, koum en als B-17 Flying Fortress- Pilot bei d'91st Bomb Group, wou en am 324th Bomb Squadron geflunn ass. Duerno gouf hie mat senger Crew an Europa verluecht, wou en tëscht dem 7. November 1942 an dem 17. Mee 1943, fënnefanzwanzeg Asätz iwwer Däitschland, Frankräich, der Belsch an Holland geflunn ass.

Dem Morgan seng Flying Fortress d'Memphis Belle, war e vun den éischte Bomberen déi 25 Missiounen erfollegräich ofgeschloss haten, an huet nodeem en an den USA zeréck war, e Bäitrag bei enger Publicitéitscampagne fir War bonds, geleescht. Iwwer Europa war se 148 Stonnen am Asaz an hat iwwer 60 Tonne Bommen ofgehäit. Praktesch all wichtegen Deel vum Fliger war an där Zäit wéinsten eemol ersat ginn. De Morgan a seng Crew waren 1944 de Sujet vun engem Dokumentarfilm, Memphis Belle: A Story of a Flying Fortress.