John Kerry

US-amerikanesche Politiker

Den John Forbes Kerry, gebuer den 11. Dezember 1943 am Colorado, ass en US-amerikanesche Politiker, dee vun 2013 bis 2017 den 68. Ausseminister vun de Vereenegte Staate war. Virdru war hien tëscht 1985 an 2013 de Vertrieder vum Massachusetts am Senat. Als Kandidat vun der Demokratescher Partei huet hien d'Presidentschaftswalen 2004 knapps géint den deemolegen amtéierende republikanesche President George W. Bush verluer.

John Kerry
Gebuer 11. Dezember 1943
Nationalitéit USA
Educatioun Yale Universitéit
Aktivitéit Politiker, Marinnoffizéier, Affekot, Diplomat, Pilot, Friddensaktivist
Partei Demokratesch Partei
Famill
Kanner Alexandra Kerry
Den John Kerry bei senger Visite zu Lëtzebuerg (Juli 2016).

Karriär änneren

De Kerry ass zu Aurora am Colorado gebuer ginn a spéider an Internater am Massachusetts an am New Hampshire gaangen. 1966 huet hien en Ofschloss a Politikwëssenschaften op der Yale University gemaach. Am selwechte Joer huet hie sech an d'Naval Reserve vun der amerikanescher Arméi gemellt an 1968 an 1969 huet hie wärend engem Openthalt als Officer-in-charge op engem mëttlere Patrulleboot, engem sougenannte Swift Boat, am Südvietnam gedéngt. Dofir ass hie mat e puer Medailen ausgezeechent ginn. No engem fréizäitege Retour an d'USA ass de Kerry der Organisation vun de Vietnameveterane géint de Krich bäigetrueden an där hiren nationale Spriecher ginn. Hien huet sech vehement géint de Vietnamkrich ausgeschwat an ass virum amerikanesche Senat opgetrueden, wou hien d'Meenung geäussert huet, der amerikanescher Regierung hir Politik am Vietnam wier de Grond vu Krichsverbriechen.

Nodeems hien en Doktertitel am Droit zu Boston krut, huet de Kerry als Assistenz-Procureur (Assistant District Attorney) am Massachusetts geschafft. Vun 1983 bis 1985 war hien dem Michael Dukakis säi Vizegouverneur, éier en 1984 an den US-Senat gewielt ginn ass an dat Mandat am Januar vum Joer drop ugetrueden ass. An där Funktioun huet hien tëscht 1987 an 1989 eng Rei Unhéierunge gefouert, déi den Ufank vun der Iran-Contra-Affär waren. Hie gouf 1990, 1996, 2002 an 2008 erëmgewielt. Am Oktober 2002 huet hien dofir gestëmmt, dem President z'erlaben de Saddam Hussein z'entwaffnen, "wann et si muss, mat Gewalt". Gläichzäiteg huet hie gewarnt, datt d'Regierung fir d'éischt all diplomatesch Méiglechkeete sollt probéieren éier si an de Krich zitt.

Wärend senger Presidentschaftswalcampgne huet de Kerry de President George W. Bush fir de Krich am Irak accuséiert. Hien huet d'Wal schlussendlech mat nëmme 35 Stëmme manner am Electoral College wéi de Bush a säi Vizepresident Dick Cheney verluer. De Kerry ass zeréck an de Senat gaangen an 2007 de President vum Comité fir kleng Entreprisen an Entrepreneuriat ginn. Zwee Joer drop gouf hien de President vum Comité fir Aussepolitik. Den 1. Februar 2013 gouf hien den Nofollger vun der Hillary Clinton als Ausseminister vum President Barack Obama. Nom Enn vum Obama senger Administratioun den 20. Januar 2017 ass hien den 1. Februar duerch de Rex Tillerson ersat ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: John Kerry – Biller, Videoen oder Audiodateien