Chamberwale vum 13. Juni 2004

Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 zu Lëtzebuerg goufe 60 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt.

Dobäi blouf den Haaptkoalitiounspartner vun der vireger Regierung, d'CSV, déi stäerkst Partei, si krut souguer 5 Sëtz méi. Zweetstäerkst Partei gouf d'LSAP, déi an der Oppositioun war. Wéi och Déi Gréng hu si liicht gewonnen. De Regierungspartner vun der vireger Regierung, d'DP, huet dogéint 5 Sëtz missen abéissen.

Et koum dofir zu engem Wiessel vun der CSV hirem Koalitiounspartner an der Regierung: Amplaz vun der DP war et d'LSAP.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Regierung Juncker-Asselborn I.

D'Chamberwale waren de selwechten Dag wéi d'Wale fir d'Europäescht Parlament.

Resultater änneren

Resultater vun de Chamberwale vum 13. Juni 2004
Partei % Sëtz
  Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei 36,1 24
  Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei 23,4 14
  Demokratesch Partei 16,1 10
  Déi Gréng 11,6 7
  Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet 9,9 5
  Déi Lénk 1,9 0
  Kommunistesch Partei Lëtzebuerg 0,9 0
  Fräi Partei Lëtzebuerg 0,1 0

Gewielten Deputéiert änneren

Direkt an d'Chamber gewielt goufen (respektiv nogeréckelt fir déi déi Minister goufe sinn:[1]

CSV änneren

LSAP änneren

DP änneren

Déi Gréng änneren

ADR änneren

Explikatiounen:

0*): Verzicht op d'Deputéiertemandat, fir Minister ze ginn.

Referenzen änneren

  1. Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg: Rapport d'activité de la session parlementaire 2006/2007, 2007/2008, 2008/2009.