Claude Lahr
De Claude Lahr, gebuer[1] de 6. Februar 1962 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Realisateur vun Dokumentarfilmer.
Claude Lahr | |
---|---|
Gebuer |
6. Februar 1962 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur |
De Claude Lahr huet säi Studium um Institut national supérieur des Arts du Spectacle (INSAS) zu Bréissel, Sektioun Réalisation et Production cinéma/tv' mat engem Diplom ofgeschloss.
Hie schafft als Regie-Assistent a Produktiounsleeder un enger Rëtsch vu belschen a franséische Filmer a Reklamms-Spotten. Zu Lëtzebuerg huet hie bis ewell zwéin Dokumentar-Laangfilmer an e puer Kuerzfiler realiséiert, souwéi och e Grappvoll Reklammen.
Fir Arte huet hien 2006 en zweemol 52 Minutte laange Reportage zum Theema L'Europe de la défense gedréint.
KuerzfilmerÄnneren
- Les industries de l'eau (1997, 10 mn; fir de Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Lissabon, 1998);
- Habiter sur le Plateau de Kirchberg (6 mn, 1998, fir de Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg);
- Portrait d'artiste: Moritz Ney (17 mn, 1999);
- Les routes du thé (30 mn, 2001);
- L'Europe de la défense (2 × 52 mn, 2006).
- Les maîtres du vent (2006) - Iwwer d'Restauratioun vun der Stahlhut-Uergel an der Kierch Diddeleng.
- De Jupp oder déi wonnerprächteg Liichtegkeet vum Liewen (2015) - Episod vu Routwäissgro.
LaangfilmerÄnneren
- Stol (1998, 76 mn)
- Heim ins Reich (2004, 120 mn)
- Énergie, le futur à contre-courant (2008)
Kuckt ochÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 237