De Jos(eph) Durlet, gebuer den 2. Januar 1928 zu Diddeleng, gestuerwen den 21. Mäerz 2004 zu Nidderkuer[1], war e lëtzebuergesche Journalist an Auteur.

Vun 1965 bis 1990 war hie Redakter bei der Dageszeitung Tageblatt.

Hie war de Papp vum Journalist an Auteur Romain Durlet.

BibliographieÄnneren

  • top pralinen, Editpress, Esch-Uelzecht, 1983
  • Nic Biever - sein Leben - von der Wiege bis zur Bahre, Editpress, Esch-Uelzecht, 1990

ReferenzenÄnneren

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 96