Indeschen Ozean

drëttgréissten Ozean

Den Indeschen Ozean (kuerz: Indik, op indoneesesche Kaarten och Indoneeseschen Ozean genannt) ass mat 74,9 Millioune km² (zirka 14,7 % vun der Uewerfläch vun der Äerd) den drëttgréissten Ozean op der Äerd. Seng déifst Plaz ass 8047 Meter ënner dem Niveau vum Mier. E grenzt un d'Antarktis, den afrikaneschen, asiateschen an den australesche Kontinent a faasst e Volume vun zirka 291,9 Mio km³.

Topographesch-bathymetresch Kaart

Niewemierer

änneren

Zu den Niewemierer gehéiereren d'Andamanemier, d'Arabescht Mier, de Golf vu Bengalen, d'Grouss Australesch Bucht, de Golf vun Aden, de Golf vum Oman, de Kanal vu Mosambik, de Persesche Golf, d'Rout Mier an d'Strooss vu Malakka.

Inselen

änneren
 
Kaart vum Indeschen Ozean

Am Indeschen Ozean leien d'Inselstaaten Indonesien, Madagaskar a Sri Lanka. Eegestänneg Inselgruppe sinn d'Komoren (mam franséischen Departement vun déi Säit dem Mier Mayotte), d'Seychellen, Sansibar (mat der Insel Pemba) an d'Maldiven. D'Inselgrupp vun de Maskarenen setzt sech zesummen aus Mauritius mat der Insel Rodrigues an dem franséischen Iwwerséidepartement La Réunion.

D'Inselgrupp Sokotra gehéiert zu derr Republik Jemen. Den indeschen Uniounsterritoire Andamanen an Nikobaren besteet aus den Inselgruppen Andamanen an Nikobaren. D'Inselgruppe Lakkadiven an Amindiven an och d'Insel Minicoy bilden zesummen den indeschen Uniounsterritoire Lakshadweep.

De Chagos-Archipel mat der Haaptinsel Diego Garcia ass de leschte Britteschen Territoire am Indeschen Ozean. D'Insel Phuket gehéiert zu Thailand.

Zu Australie gehéieren d'Chrëschtdagsinsel, d'Kokosinselen, d'Heard- a McDonald-Inselen, d'Ashmore- a Cartier-Inselen.

Zum Indeschen Ozean gehéiere weiderhin d'Franséisch Süd- an Antarktisterritoiren Kerguelen.

Hafestied um Indeschen Ozean

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Indeschen Ozean – Biller, Videoen oder Audiodateien

Literatur

änneren
  • Peter Lehr: Region Indischer Ozean - Illusion oder Realität? Heidelberg, 2004
  • Stephan Conermann (Hg.): Der Indische Ozean in historischer Perspektive, EB-Verlag, Hamburg 1998 (= Asien und Afrika 1), ISBN 3-930826-44-5