Émile Probst

lëtzebuergesche Graphiker

Den Émile Probst, gebuer de 15. Oktober 1913 zu Veianen, a gestuerwen den 2. Dezember 2004 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Graphiker, Glasmoler, Karikaturist a Publizist. Hie war de Brudder vum Moler Joseph Probst.

Émile Probst
Gebuer 15. Oktober 1913
Veianen
Gestuerwen 2. Dezember 2004
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Karikaturist, Graphiker, Glasmoler
Famill
Bestuet mat Denise Probst-Massin
Geschwëster Joseph Probst

Den Émile Probst huet zu Bréissel an zu Düsseldorf Konscht studéiert. Vu virum Zweete Weltkrich bis 1941 huet en an enger Dréckerei geschafft an 1945 war hien de Grënner vun der Revue. Vun him stamen eng 120 Entwërf fir Kiercheglasmolereien zu Lëtzebuerg an am noen Ausland, wéi zum Beispill déi grouss faarweg Fënster an der Fëschbecher Kierch bei Miersch, iwwer der Entrée tëscht der Virhal an dem Kiercheraum. Se gouf 1957 vun der Firma Linster Frères vu Munneref gemaach.

Op der Frankfurter Bicherfoire goufen ufanks der 1960er Joren e puer Editeuren op seng Zeechnungen opmierksam an hunn hien ënner Kontrakt geholl. Doropshi si ronn 650 Kanner- a Jugendbicher a verschiddene Sproochen erauskomm vun deenen hien der 25 selwer illustréiert hat.

Den Émile Probst gouf am Abrëll 1936 mat der Textilkënschtlerin Denise Massin bestuet, mat där hien en Atelier zu Bréissel hat.

Literatur änneren

  • Osterheld, Wolfgang, 1995. Émile Probst. In: Portraits. Regards sur la création au Luxembourg. Éditions Phi, Iechternach. 260 S. (S. 22: Portrait vum Émile Probst). ISBN 2-87962-043-0 (Frankräich). ISBN 3-88865-120-4 (Däitschland). Cote BNL LB 17839.
  • Gabrielle Seil, 2015: Künstler mit Unternehmergeist, S. 4-7 vu 70 Joer Revue - 70 Joer Lëtzebuerg, Bäilag zur Revue 43 vum 21. Oktober 2015

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Lexikon 2006, S. 344.