Lëtzebuerger Arméi
D'Lëtzebuerger Arméi ass zanter dem 30. Juni 1967[1] eng reng Fräiwëllegenarméi, déi aus ronn 800 Zaldoten, Kapereel, Ënneroffizéier an Offizéier besteet. Si stellt den eenzegen Deel vun de lëtzebuergesche Sträitkräften duer, eng Marine existéiert net. Eng Loftwaff soll an den nächste Joren[Wéini ?] mam Kaf vum Militärfliger A400M opgebaut ginn.
D'Zaldote sinn zanter 1967 exklusiv um Dikrecher Härebierg an der Kasär Grand-Duc Jean, déi et awer schonn zanter 1955 gëtt, stationnéiert.
GeschichtÄnneren
Kuckt dofir den Artikel: Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi.
Rekrutéierung a CarrièrenÄnneren
Fir an d'Lëtzebuerger Arméi antrieden ze kënne muss een:
- déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, oder déi vun engem aneren EU-Memberstaat an zanter op d'mannst dräi Joer zu Lëtzebuerg wunnen;
- tëscht 18 a 26 Joer al sinn;
- keng Krankheeten oder Handikapen hunn, déi mam Militärdéngscht net kompatibel sinn; an
- déi néideg intellektuell, moralesch a physesch Qualitéite mat sech bréngen.
OrganisatiounÄnneren
D'Lëtzebuerger Arméi wéi mer se haut kenne geet op d'Gesetz vum 29. Juni 1967 zréck, dat den obligatoresche Militärdéngscht ofgeschaaft an déi nei Organisatioun vun der Arméi gereegelt huet.
kuckt och den Artikel: Kommandante vun der Lëtzebuerger Arméi
MissiounÄnneren
D'gesetzlech Funktioun vun der Lëtzebuerger Arméi steet ganz am Kader vun der Force publique.
AusrëschtungÄnneren
UniformÄnneren
Kuckt dofir den Artikel: Uniforme vun der Lëtzebuerger Arméi.
WaffenÄnneren
- Pistoul Glock 17 9 mm
- Gewier Steyr AUG 5,56 mm
- Gewier Steyr AUG HBar 5,56 mm
- Maschinnegewier FN MAG 7,62 mm
- Schwéiert Maschinnegewier Mi.50 12,7 mm
- Anti-Panzerwaff LAW 66 mm
- Anti-Panzer-Waffesystem NLAW
- Kanoun 105 mm (gëtt nëmme méi vir den Tir d'honneur benotzt)
GefiererÄnneren
Um LandÄnneren
An der LoftÄnneren
D'Lëtzebuerger Arméi huet virun enger Rei Joren[Wéini ?] zesumme mat der Belscher Arméi en Airbus A400M Atlas bestallt, deen den 13. Abrëll 2020 zu Sevilla säin éischten Testfluch gemaach huet, an zanter August mat de Lëtzebuerger Faarwe flitt. Nom Abaue vun de Spezialequipementer soll en am Oktober 2020 prett fir den Asaz sinn. Am Ament (September 2020) ass en ënner der Seriennummer "MSN104" an ënner der militärescher Immatrikulatiounsnummer CT-01 bekannt an e soll, wann e bis am Déngscht ass, um belsche Stëtzpunkt zu Melsbroek zesumme vu béiden Arméie bedriwwen a benotzt ginn.[2][3]
Um WaasserÄnneren
(Dës Sektioun ass nach eidel.)
Anert GeschierÄnneren
- Radio PR4G
- Radio BAMS
- Waasseropbereedungsanlag WTC 1600 GT a Waasserverpakungsanlag WPS 1600 GT
LiteraturÄnneren
- Jacques Leider: L'armée luxembourgeoise d'après-guerre - Structures, fonctions, fonctionnement; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1993.
- Paul Cerf: Le Luxembourg et son armée - Le service obligatoire au Grand-Duché de Luxembourg de 1945 à 1967 ; Lëtzebuerg (RTL Édition), 1984; 217 Säiten (ill.). ISBN 2-87951-044-9
- Willy Bourg, zesumme mam André Muller: Eis Garde - Die Geschichte der Grossherzoglichen Garde (1945-1966) im Rahmen der luxemburgischen Pflichtarmee, Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1990.
- Willy Bourg, zesumme mam André Muller: Ons Arméi - Die Luxemburger Pflichtarmee 1944 bis 1967, Band I, Lëtzebuerg (Eegeverlag), 1997.
International OrganisatiounenÄnneren
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Lëtzebuerger Arméi – Biller, Videoen oder Audiodateien |