Der neunte Tag ass en däitsch-lëtzebuergesche Spillfilm vum Volker Schlöndorff aus dem Joer 2004. En handelt iwwer ee lëtzebuergesche Paschtouer an engem Konzentratiounslager am Zweete Weltkrich.

Der neunte Tag
Film
Produktiounsland Däitschland
Lëtzebuerg
Tschechien
Produktiounsjoer 2003-2004
Première 2004
Dauer 97 min
Faarf Faarweg
Format 35mm, 1:1,85
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Volker Schlöndorff
Dréibuch Eberhard Görner
Andreas Pflüger
fräi nom Buch vum Jean Bernard
Fotografie Tomas Erhart
Musek Alfred Schmittke
Schnëtt Peter R. Adam
Produzent Provobis Film
Jürgen Haase
Bayerischer Rundfunk
Arte
Videopress
Produktiouns-
gesellschaft
Arte
Schauspiller
Ulrich Matthes als Abbé Henri Kremer
August Diehl als Gestapochef Gebhardt
Bibiana Beglau als Marie Kremer
Hilmar Thate als Bëschof Philippe
Michael König als Gauleiter Gustav Simon
Germain Wagner als Roger Kremer
Jean-Paul Raths als Raymond Schmitt
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film?

änneren

1942: De lëtzebuergesche Paschtouer Henri Kremer, vun den Nazien am Konzentratiounslager Dachau gefaange gehalen, gëtt onerwaart fir néng Deeg fräi gelooss. Hie muss sech decidéieren: seng Hierarchie iwwerzeegen, mat den Nazien ze collaboréieren, oder zeréck op Dachau goen.

De Film inspiréiert sech un enger Episod aus dem Buch "Pfarrerblock 25487" vum Abbé Jean Bernard, deen dora seng KZ-Erliefnesser beschriwwen huet.

Wat soten d'Medien?

änneren

Lars-Olav Beier, Der Spiegel 46/2004:[1]

Selten hat ein Schauspieler so eindringlich eine Ahnung davon gegeben, was der Aufentahlt im KZ einem Körper antun kann. Wenn sich Matthes' Kremer eine Treppe hochschläppt, sammelt sich die ganz Energie, die noch in diesem Mann Steckt, in seinen Augen, die weit aufgerissen von größter Wachheit zeugen - als wollten sie alles, was sie sehen, für die Nachwelt festhalten,

www.filmspiegel.de:

Der Einsatz des hervorragenden "Recitativo: Lento" aus Alfred Schnittkes "Concerto Grosso No. 1" verbietet zudem jegliche Sentimentalisierung und weckt Assoziationen zur Verwendung klassischer Musik im Kino Stanley Kubricks.

Romain Hilgert, d'Lëtzebuerger Land:

Was als "frei nach dem autobiografischen Bericht von Jean Bernard Pfarrerblock 25487" entstandene Verfilmung dargestellt wird, grenzt in Wirklichkeit an propagandistische Geschichtsfälschung. Denn den paar Tagen, die Bernard überraschend von Dachau nach Luxemburg zurückkehren konnte und die gesamte Geschichte des Films ausmachen, widmet er in seinen Erinnerungen bloß wenige Zeilen.

Gielercher

änneren

Der neunte Tag huet eng ganz Rei Filmpräisser gewonnen, dorënner op de Filmfestivaller zu Biberach an der Riß (Baden-Württemberg), München, Teheran a Mar del Plata (Argentinien).

Den Ulrich Matthes war an der Kategorie "Beschte Schauspiller" fir den Europäesche Filmpräis nominéiert.

De Film war aacht Mol beim Däitsche Filmpräis nominéiert, an huet en an der Kategorie "Bescht Zenebild" gewonnen. Beim Däitsche Kamerapräis war de Kameramann Tomas Erhart an der Kategorie "Kinospielfilm" nominéiert.

Vun der Däitscher Film- und Medienbewäertung FBW zu Wiesbaden krut de Film de Prädikat "besonders wertvoll".

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. spiegel.de: Zurück in die Hölle vum Lars-Olav Beier am Der Spiegel 46/2004