Nikolai Stepanowitsch Tschernych
russeschen Astronom
Den Nikolai Stepanowitsch Tschernych, (russesch Николай Степанович Черных; englesch Schreifweis: Nikolai Stepanovich Chernykh), gebuer de 6. Oktober 1931 zu Usman, Oblast Woronej, a gestuerwen de 26. Mee 2004, war e russeschen Astronom.
Nikolai Stepanowitsch Tschernych | |
---|---|
Gebuer |
6. Oktober 1931 Usman |
Gestuerwen |
25. Mee 2004 Moskau |
Nationalitéit | UdSSR, Russland |
Aktivitéit | Astronom |
Famill | |
Bestuet mat | Ludmila Iwanowna Tschernychowa |
Den Tschernych huet vun 1963 zesumme mat senger Fra Ludmila Iwanowna Tschernychowa (Людмила Ивановна Черных), am Krim-Observatoire geschafft. Seng Spezialgebidder waren d'Astrometrie an d'Dynamik vu Klengkierper am Sonnesystem.
Hien hat en ettlech Koméiten entdeckt, dorënner déi periodesch Koméiten 74P/Smirnova-Chernykh an 101P/Chernykh. Doriwwer eraus hat hie 537 Asteroiden entdeckt, dorënner:
an den Trojaner (2207) Antenor[1].
Zu Éiere vun der Koppel Tschernych gouf den Asteroid (2325) Chernykh genannt.