De Fathi Arafat gebuer den 11. Mäerz 1933 zu Kairo, a gestuerwen och do den 1. Dezember 2004, war e palestinensesche Politiker an de Brudder vum Jassir Arafat.

Fathi Arafat
Gebuer 11. Januar 1933
Kairo
Gestuerwen 1. Dezember 2004
Kairo
Doudesursaach Mokriibs
Nationalitéit Egypten
Educatioun Universitéit vu Kairo
Aktivitéit Dokter, Politiker
Famill
Geschwëster Jassir Arafat

De Fathi Arafat, vu Beruff Dokter, huet an Egypten, Kuwait an a Jordanien gelieft. Hie war Member vum Nationalrot vu Palestina an Éierepresident vum palestinensesche Rouden Hallefmound. 1968 war hie Matgrënner vum Palestinensesche Rouden Hallefmound. De Fathi Arafat huet fir all d'Palestinenser déi am ganzen Noen Oste liewen ee Gesondheetssystem opgebaut.

Am Joer 1994, no dem Oslo-Ofkommes, ass hien an d'Gazasträif geplënnert, an huet do fir déi nei Palestinensesch Autonomieverwaltung vu sengem Brudder geschafft. 2001 huet hien aus Gesondheetsgrënn vu senger Funktioun als President vum palestinensesche Rouden Hallefmound demissionéiert.

De Fathi Arafat ass den 1. Dezember 2004 a sengem Haus zu Kairo u Mokriibs gestuerwen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren