Alternativ Demokratesch Reformpartei
Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR) ass den Numm vun enger fräiheetlech-wäertkonservativer Lëtzebuerger politescher Partei. An der aktueller Legislaturperiod ass si mat véier Deputéierten an der Chamber vertrueden.
Alternativ Demokratesch Reformpartei | |
---|---|
![]() | |
Ofkierzung | ADR |
Nationalpresident | Fred Keup |
Vizepresidenten |
Alexandra Schoos Tom Weidig Pierrette Koehler Dan Hardy |
Keessjee | Detlef Xhonneux |
Éierepresident |
Robert Mehlen Gast Gibéryen Jean Schoos |
Gegrënnt | 12. Mee 1987 |
Parteizentral |
25, rue Notre-Dame (Stad Lëtzebuerg) L-2240 Lëtzebuerg |
Jugendorganisatioun | adrenalin, déi jonk adr |
Ideologien |
Gesellschaftspolitesche Konservatismus Wirtschaftleche Liberalismus Euroskeptizismus |
Politesch Positioun | Riets |
Europäesch Affiliatioun | EKR-Partei |
International Affiliatioun | Keng |
Faarwen | Rout, Wäiss an Hellblo |
Chamber |
4/60 Sëtz |
Europaparlament |
0/6 Sëtz |
Websäit | |
https://adr.lu/ | |
Op europäeschem Niveau ass d'ADR Member an der Partei vun den Europäesche Konservativen a Reformisten.
GeschichtÄnneren
D'ADR gouf den 12. Mee 1987 als Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddwereen gegrënnt. Schonn 1989 gouf se an Aktiounskomitee 5/6 ëmbenannt. Si war eng Een-Theemepartei, déi mat enger eenzeger Fuerderung – gläichhéich Pensiounen an alle Secteuren – bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 ugetrueden ass a mat 4 Deputéiert an d'Parlament gewielt gouf.
Den 10. Oktober 1993, nodeems si den Numm erëm an Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet geännert hat, ass d'ADR a 7 Gemengeréit gewielt ginn. Den 12. Juni 1994, bei de Chamberwalen, huet d'ADR 1 Sëtz derbäigewonnen, a bei deene vum 13. Juni 1999 nach eng Kéier 2, soudatt se der ewell 7 hat. Bei de Gemengewale vum selwechte Joer koum d'ADR op 10 Gemengerotssëtz.
Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 huet d'ADR 2 Sëtz am Verglach zu virdru verluer. Och bei de Gemengerotswale vum 9. Oktober 2005 huet se manner Sëtz kritt wéi virdrun.
2006 huet si den Numm erëm gewiesselt an den aktuellen Numm ugeholl.
Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 huet d'ADR 1 weidere Sëtz verluer a war ewell mat 4 Deputéiert an der Chamber vertrueden. Am Dezember 2012 hu souwuel de Jacques-Yves Henckes[1] wéi och de Jean Colombera[2] der Partei de Réck gedréint, fir Deputéiert ouni Partei ze ginn, soudatt just nach 2 ADR-Deputéiert iwwreg blouwen.
Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 krut d'ADR 3 Mandater. Gewielt goufen de Gast Gibéryen, de Fernand Kartheiser an de Roy Reding. Bei deene vum 14. Oktober 2018 goufen déi dräi erëmgewielt, e véierte Sëtz goung un de Jeff Engelen.[3]
D'Jugendsektioun vun der ADR nennt sech adrenalin, déi jonk adr.
Um Parteikongress vum 19. Mäerz 2022 gouf de Fred Keup mat 86 Jo- géint 4 Neestëmmen als neie Parteipresident gewielt[4]
Deputéiert am Laf vun der ZäitÄnneren
- Jean Colombera vu Viichten
- Gaston Gibéryen vu Fréiseng
- Fernand Greisen vun Hesper
- Jacques-Yves Henckes vu Lëtzebuerg
- Aly Jaerling vun Esch-Uelzecht
- Fernand Kartheiser vun Nidderkäerjeng
- Jean-Pierre Koepp aus der Houschter Déckt
- Fred Keup vu Kielen
- Roby Mehlen vu Manternach
- Roy Reding vu Bech
- Josy Simon vu Manternach
- Jeff Engelen vu Wëntger
LiteraturÄnneren
- Sophie Federspiel: "Rechts abbiegen oder stehen bleiben? Die politische Orientierung der ADR." In: forum Nr.366, Oktober 2016, S.7-9.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Alternativ Demokratesch Reformpartei – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Tiefe Gräben in der ADR: Henckes und Gatti treten zurück, wort.lu 14. Dezember 2012
- ↑ "Jean Colombera trëtt awer aus adr aus a behält säi Mandat." RTL.lu - 21.12.2012, 11:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.12.2012, 14:16
- ↑ elections.lu.
- ↑ Communiqué op RTL.LU vum 20. Mäerz um 11:15h