Den Czesław Miłosz [ ˈt ͡ʂɛswaf ˈmiwɔʂ ], gebuer den 30. Juni 1911 zu Šeteniai (poln.: Szetejnie; deemools am Russesche Keeserräich, haut a Litauen, a gestuerwen de 14. August 2004 zu Krakau, a Polen, war e polneschen Dichter. 1980 huet hien den Nobelpräis fir Literatur kritt.

Czesław Miłosz
Gebuer 30. Juni 1911
Gestuerwen 14. August 2004
Krakau
Nationalitéit Polen, USA, Litauen
Educatioun Universitéit Vilnius
Aktivitéit Dichter, Diplomat, Schrëftsteller, Essayist, Iwwersetzer, Pedagog, Universitéitsprofesser, Literaturhistoriker
Member vun Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, American Academy of Arts and Letters, Polska Akademia Umiejętności, American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Janina Milosz
Kanner Anthony Milosz

1930 goufen an der Studentenzeitung Alma Mater Vilnensis seng éischt Gedichter ofgedréckt. 1931 bis 1934 war hie Member vum literareschen Zierkel Żagary, deen eng Avantgardistesch-Zäitschrëft erausgouf an där d'Konschtrichtung vum Katastrophismus propagéiert gouf. 1933 koum säin éischte Gedichtband Poemat o czasie zastygłym ("Gedicht iwwer eng Zäit déi stoe bliwwen ass") eraus. 1935 krut hien e Stipendium fir op Paräis weiderstudéieren ze goen.

Wärend der däitscher Besatzung vu Polen am Zweete Weltkrich war hien an der Resistenz.

1945 bis 1949 hat hie verschidden diplomatesch Posten zu New York City an zu Washington, D.C., 1950 gouf en op Paräis versat. Enn dës Joers gouf him a Polen de Pass ofgeholl, an hie krut a Frankräich politescht Asyl. 1953 koum The Captive Mind eraus, an deem en unhand vu Fallstudien bewisen huet, wéi einfach et ass, Auteure fir totalitär Regimmer ze faszinéieren.

1960 goung de Miłosz an d'USA wou en am Department of Slavic Languages and Literatures op der University of California zu Berkeley Professer gouf. 1970 krut en déi amerikanesch Nationalitéit.

Nodeems en 1980 den Nobelpräis fir Literatur kritt hat, gouf a Polen d'Zensur op senge Bicher opgehuewen. 1981 konnt hie fir d'éischt no 30 Joer nees Polen besichen. Mä schonn am Dezember 1981, wéi d'Krichsrecht ausgeruff gi war, goufe seng Publikatiounen nees verbueden. Zënter dem Fall vum kommunistesche Regimm, 1989, ass de Miłosz reegelméisseg tëscht den USA a Polen hin an hier gependelt, ier e fir zerguttst op Krakau geplënnert ass, wou hien 2004 gestuerwen ass.

Dem Miłosz huet déi meescht vu senge Wierker, och am Exil, op Polnesch geschriwwen.

Wierker op polnesch (a Klameren: däitsch Iwwersetzung)

änneren
  • 1930: Kompozycja (Komposition)
  • 1930: Podróż (Reise)
  • 1933: Poemat o czasie zastygłym
  • 1936: Trzy zimy (Drei Winter)
  • 193?: Obrachunki
  • 1940: Wiersze (Gedichte)
  • 1942: Pieśń niepodległa
  • 1945: Ocalenie
  • 1947: Traktat moralny
  • 1953: Zniewolony umysł (Verführtes Denken)
  • 1953: Zdobycie władzy (Das Gesicht der Zeit)
  • 1953: Światło dzienne (Tageslicht)
  • 1955: Dolina Issy (Das Tal der Issa) – Kandheetserënnerungen
  • 1957: Traktat poetycki
  • 1958: Rodzinna Europa (West- und Östliches Gelände)
  • 1958: Kontynenty
  • 1961: Człowiek wśród skorpionów (Mensch unter Skorpionen)
  • 1961: Król Popiel i inne wiersze (König Popiel und andere Gedichte)
  • 1965: Gucio zaczarowany
  • 1969: Widzenia nad zatoką San Francisco
  • 1969: Miasto bez imienia (Stadt ohne Namen)
  • 1972: Prywatne obowiązki (Private Verpflichtungen)
  • 1974: Gdzie słońce wschodzi i kędy zapada (Wo die Sonne aufgeht und wo sie versinkt)
  • 1977: Ziemia Ulro
  • 1979: Ogród nauk
  • 1982: Hymn o perle
  • 1984: Nieobjęta ziemia
  • 1987: Kroniki (Chroniken)
  • 1985: Zaczynając od moich ulic
  • 1989: Metafizyczna pauza
  • 1991: Dalsze okolice (Weit entfernte Gegenden)
  • 1991: Poszukiwanie ojczyzny (Suche nach der Heimat)
  • 1991: Rok myśliwego (Jahr des Jägers)
  • 1992: Szukanie ojczyzny
  • 1994: Na brzegu rzeki (Am Flussufer)
  • 1996: Legendy nowoczesności
  • 1997: Życie na wyspach (Leben auf den Inseln)
  • 1997: Piesek przydrożny
  • 1997: Abecadło Miłosza (Miłosz-Alphabet)
  • 1998: Inne abecadło (Anderes Alphabet)
  • 1999: Wyprawa w dwudziestolecie
  • 2000: To
  • 2003: Orfeusz i Eurydyka

Um Spaweck

änneren
Commons: Czesław Miłosz – Biller, Videoen oder Audiodateien