De Charles-Marie Ternes, gebuer den 10. Mäerz 1939 an der Stad Lëtzebuerg an och do de 6. Juni 2004 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Historiker.

Charles-Marie Ternes
Gebuer 10. Mäerz 1939
Lëtzebuerg
Gestuerwen 6. Juni 2004
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Nanzeg,
Faculté des lettres de Paris,
École normale supérieure
Aktivitéit Historiker, Archeolog, Universitéitsprofesser

Formatioun a Karriär änneren

No sengem Secondairesstudium am Stater Kolléisch (A latine; 1958) huet de Charles-Marie Ternes op de Cours supérieurs an der Stad, op der Universitéit vun Nanzeg an zu Paräis op der Sorbonne an op der École normale supérieure antik Geschicht, réimesch Archeologie a réimesch Epigraphik studéiert (1963). Am Kader vum Stage pédagogique huet hien eng Etüd vun der réimescher Strooss tëscht Duelem a Stadbriedemes gemaach (1965; ~130 Säiten). Bis 1968 war hie Geschichtsprofesser am Dikrecher Kolléisch, duerno a bis zur Pensioun (1999) huet hien haaptsächlech am Lycée Robert-Schuman an der Stad geschafft.

De Charles-Marie Ternes, dee sech besonnesch fir d'gallo-réimesch Vergaangenheet intresséiert huet, huet 1972 souwuel d'Fuerschungseenheet Centre Alexandre-Wiltheim (CAW) wéi och d'Dokumentatiouns- an Enseignementsstruktur Société des Antiquités nationales (SAN) gegrënnt a bis zu sengem fréien Doud 2004 geleet. Mat der Ënnerstëtzung vun dësen zwou Gesellschaften huet hie jorelaang Archeologies- a Geschichtscourse fir de grand public ginn, all véier Joer international Journées archéologiques organiséiert an eng ganz Rei vu Bicher, Etüden a soss kriteschen Artikele publizéiert oder editéiert. Vun 1961 un huet hien de Bulletin d'Archéologie luxembourgeoise erausginn, aus deem 1972 de Bulletin des Antiquités luxembourgeoises gouf.

1986 ass de Charles-Marie Ternes chercheur associé um Centre universitaire an der Stad ginn, a vun 1989 bis 1999 huet hien do de Séminaire d'Études anciennes (Semant) dirigéiert. 1996 hat hie sech op der Universitéit vu Metz habilitéiert.

De Charles-Marie Ternes war, vun 1966 un, membre correspondant vun der Section historique vum Institut grand-ducal.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

Bicher änneren

  • Les inscriptions antiques du Luxembourg ; Lëtzebuerg, 1965; 216 Säiten (ill. + eng Kaart 'hors texte'); erausgi vum Musée d'Histoire et d'Art, Luxembourg in: Hémecht, Joergang 17 (1965), Heft 3-4.
  • Index des travaux concernant l'archéologie, contenus dans les volumes 1 - 80 des Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg ; in: PSH, Bd. 85 (1969).
  • Répertoire archéologique du Grand-Duché de Luxembourg ; 2 Bänn, erausgi vum Centre national de Recherches archéologiques en Belgique, Serie C; Bréissel, 1970.
  • La vie quotidienne en Rhénanie romaine (Ier-IVe siècle) ; Paräis (Hachette), 1972.
  • Das römische Luxemburg ; Küsnacht / Zürich (Raggi Verlag), 1973.
  • Die Römer an Rhein und Mosel - Geschichte und Kultur ; Stuttgart (Philipp Reclam), 1975 (2. Oplo). [= Iwwersetzung vun La vie quotidienne... duerch d'Dorothea Basrai an Zesummenaarbecht mam Auteur]
  • Römisches Deutschland - Aspekte seiner Geschichte und Kultur ; Stuttgart (Ph. Reclam), 1986; 460 Säiten (ill.). ISBN 3-15-010341-X
  • Le Grand-Duché de Luxembourg à l'époque romaine ; Lëtzebuerg (CAW & Semant), 1991; ~300 Säiten.

Artikelen änneren

  • La Civitas Treverorum. Position du problème, état de la question ; in: Hémecht, Joergang 21 (1969), Heft 2, S. 173 ->
  • Paysage réel et coulisse idyllique dans la Mosella d'Ausone ; in: Revue des Études latines, Bd. XLVIII (1970), Ss. 376-397.
  • L'inscription d'un flamine, de Mersch ; in: Bulletin des Antiquités luxembourgeoises, Bd. 4 (1973), Ss. 160-170 (ill.).
  • Topographie trévire dans la "Mosella" d'Ausone ; in: Littérature gréco-romaine et géographie historique - Mélanges offerts à Roger Dion ; Paräis, 1974; Ss. 207-217.
  • Le manuscrit n° 56 de la Section historique: Ioannis Bertels, Tractatus de diis gentilium ; in: Mélanges offerts à Joseph Goedert / Festschrift für Joseph Goedert ; erausgi vum Gilbert Trausch & vum Émile van der Vekene; Lëtzebuerg, Nationalbibliothéik (Drock: Sankt-Paulus), 1983; Ss. 251-264.
  • Réflexions concernant l'enseignement de l'histoire au Grand-Duché de Luxembourg ; in: Bulletin de l'Association des Professeurs de l'Enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, Nr.3/1980 = Spezialnummer 75e Anniversaire ; Ss. 210-223 (ill.).
  • Recherches récentes concernant la Gaule belgique et les Germanies 1985-1997 ; in: Revue des Études anciennes, erausgi mat der Ënnerstëtzung vum Centre national de la Recherche scientifique / CNRS ; Bd. 99, 1997, Nr. 1-2; Ss. 185-212. ISSN 0035-2004
  • À l'occasion du 30e anniversaire de la Société des Antiquités nationales et du Centre Alexandre-Wiltheim - Histoire romaine et recherche au Luxembourg ; in: d'Lëtzebuerger Land, Nr. 22, 31. Mee 2002; Rubrik d'Land Forum; Ss. 13-14.

Auszeechnungen änneren

  • 1973: Prix d'Histoire Broquette-Thonin vun der Académie française, Paräis,fir d'Buch La vie quotidienne....
  • 1984: Doctor honoris causa vun der Université François-Rabelais vun Tours.
  • 1987: Buch des Monats Februar 1987, vun der Darmstädter Jury bestëmmt, fir d'Buch Römisches Deutschland....

Literatur änneren

  • John J. Muller, Une vie vouée à l'Histoire - À la mémoire du professeur Charles-Marie Ternes ; in: Die Warte / Perspectives, Nr. 26 / 2124, S. 3; vgl. Kulturbäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 29. September 2005!
  • Robert Bedon & Michel Polfer (Éditeuren), Être Romain - Hommages in memoriam Charles-Marie Ternes ; Remshalden (Greiner), 2007. ISBN 978-3-935383-97-4