Heim ins Reich (Film)

Film vum Claude Lahr aus dem Joer 2004

Heim ins Reich - Wéi Lëtzebuerg sollt preisesch ginn ass en Dokumentarfilm vun 2004 iwwer d'Zäit vun 1940-1944 zu Lëtzebuerg, wéi dat vun Nazi-Däitschland besat war.

Heim ins Reich
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2004
Première 2004
Dauer 120 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Claude Lahr
Dréibuch Claude Lahr
Willy Perelsztejn
Fotografie Stéphane Patti
Musek André Dziezuk
Produzent Nowhere Land
Willy Perelsztejn
Centre national de l'audiovisuel
Les films de la mémoire
Schauspiller
(an de Spillszenen)
Marcel Heintz
Gilles Dazzan
Pitt Max
Cliff Schmit
John Gerten
Thierry Simonelli
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Den Titel baséiert um Slogan Heim ins Reich vun der Volksdeutscher Bewegung, mat deem dës den Uschloss un Däitschland propagéiert huet.

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Kader bilden d'Onofhängegkeetsfeierlechkeeten vun 1939 an d'Zeréckkomme vun der Grande-Duchesse Charlotte aus dem Exil. Unhand vun den Témoignage vun iwwer 20 Zäitzeien, Filmopname vun deemools, Fotoen an nogespillten Zeene beschreift de Film, wéi nom Iwwerfall d'Nazie probéiert hunn, am Ufank mat Propagandagetéins, duerno ëmmer méi mat Terrormethoden, d'Lëtzebuerger dovun z'iwwerzeegen, datt si Heim ins Reich gehéiere géifen, an d'Reaktiounen dorop. Et gëtt erzielt wéi eng Minoritéit sech no an no aktiv an der Resistenz organiséiert, eng aner Minoritéit kollaboréiert huet, an de groussen Deel vun der Bevëlkerung probéiert huet, sech sou gutt wéi méiglech duerchzeschloen, ouni sech ze kompromettéieren. Thematiséiert ginn och d'Anzéie vun de Lëtzebuerger an d'Wehrmacht, d'Ëmsiidlung, an d'Deportatioun an Ermuerdung vun de Lëtzebuerger Judden.

Zäitzeien änneren

Am Film kommen eng Rei Zäitzeien zu Wuert: Josy Fellens, Victor Fischbach, Yvonne Frisch-Urbany, Roger Gaspart, Erny Gillen, Emile Hemmen, Jos Hittesdorf, Bernard Jacobs, Michel Jans, Gaston Junck, Pierre Kergen, Nicolas Koob, Margot Kremer-Engel, Berthe Linster, Paul Margue, Ady Mergen, Jos Meunier, Julien Meyer, Aloyse Schiltz, Josy Schlang, Hélène Schmitt-Flammang a Madeleine Weis-Bauler.

Gielercher änneren

Soss änneren

De Film war e grousse Succès: 25.239 Leit hunn en zu Lëtzebuerg am Kino gesinn,[1] e puer Woche war en Nr. 1 am Box Office. Den Ënnertitel vun der franséischer Versioun ass "L'échec d'une annexion". Et gëtt eng gekierzt Versioun vum Film vun enger knapper Stonn, déi op der belscher Televisioun gewise gouf.

De Film gëtt et och an der kompletter Fassung op DVD. 2005 goufen 1.250 Kopien op DVD verkaaft; domat war Heim ins Reich an deem Joer de meeschtverkaafte lëtzebuergesche Film op Kassett oder DVD.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises." op cna.public.lu, 12-06-2018.
  2. 2005, Säit 284-285