Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Fernand Kons, gestuerwen den 9. Mee 2004 am Alter vu 76 Joer, war e lëtzebuergesche Politiker a Veterinär.[1]

Fernand Kons
Gestuerwen 9. Mee 2004
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Schëld/Erënnerungsplack op der Fernand-Kons-Plaz zu Réimech.

De Fernand Kons ass 1957 an d'CSV agetrueden. Seng politesch Carrière huet en 1964 ugefaangen, wéi en an d'Chamber gewielt ginn ass. 1972 huet e säi Mandat missen nidderleeën, well en zum Veterinärinspekter ernannt ginn ass. 1989 gouf en nach eng Kéier an d'Chamber gewielt, wou e bis 1994 bliwwen ass.[1]

Hie war vum 1. Januar 1970 bis den 31. Dezember 1993 Buergermeeschter vu Réimech. Duerno war hien nach bis Enn 1999 Member vum Gemengerot.[2]

Den Dr. Kons war Éierebuergermeeschter vu Réimech. Eng Plaz dréit haut säin Numm.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Hommage à la mémoire de M. Fernand Kons, député honoraire op der Websäit vun der Chmaber
  2. Informatiounen op engem Stroosseschëld vun der Place Fernand Kons zu Réimech.