Mars Express
Mars Express (kënschtleresch Duerstellung)
Missioun Marserfuerschung
Dréierrakéit Sojus-Fregat ST 11
Optrag vun der ESA
Hiersteller Haaptoptrag EADS Astrium a 25 Ënneroptraghueler aus 15 Staaten
Startmass 1120 kg
Start 2. Juni 2003 17:45 UTC
Startplaz Baikonur
Dreifstoffmass 427 kg
Notzlaaschtmass 116 kg
Mass vum Beagle 2 71 kg
Spannwäit vun de Solarzellen 12 m
Solarzellengréisst 11,42 m²
Sender 1 S-Band
1 X-Band
Leeschtung
Sender
5 Watt am S-Band, 65 Watt am X-Band.
Datespäicher 1,5 GB RAM
Haaptdreifwierk S 400 mat 400 N Schub
Steierdreifwierker 2x4 S 10 mat 10 N Schub
Dreifstoff MMH
Arrivé Mars 25. Dezember 2003
Éischt Ëmlafbunn 250 - 150.000 km Héicht mat 25° Equatorschréi
aktuell Ëmlafbunn 258 - 11.560 km Héicht mat 86,3° Equatorschréi, Ëmlafzäit 6 h 43 min

De Mars Express (ofgekierzt MEX) ass eng Mars-Sond vun der ESA. Si gouf am Juni 2003 gestart an hat de Planéit de 25. Dezember 2003 erreecht. D'Haaptaufgab vun der Missioun war déi vollstänneg Kartograféierung vum Mars, d'Erfuersche vu senger Atmosphär, senger Uewerfläch souwéi dem Material, dat a bis zu zwéi Meter Déift läit. Zousätzlech hat d'Sond d'Landeinstrument Beagle 2 u Bord. D'Primärmissioun vum Orbiter war ufanks Juni 2004 op ee Marsjoer (ongeféier 23 Äerdméint) ausgeluecht. Si gouf an der Tëschenzäit schonn e puermol verlängert, a soll op d'mannst bis 2026 lafen.

Missiounsoflaf

änneren

De Mars Express gouf den 2. Juni 2003 mat enger russescher Sojus-FG/Fregat Rakéit vu Baikonur aus gestart. D'Startmass vun der Sond war 1.223 kg.

De Lander Beagle 2 sollt de 25. Dezember 2003 um Mars landen, fir do no organesche Liewensspueren ze sichen. Well trotz alle Versich kee Kontakt hiergestallt konnt ginn, gouf d'Landeinstrument den 11. Februar 2004 als verluer erkläert.

De Mars Express hat déi plangméisseg Ëmlafbunn ëm de Mars am Januar 2004 erreecht. D'Sond kreest ëm de Planéit op enger elliptescher polnoer Bunn mat enger Inklinatioun vu 86°, am Minimalofstand vu bal 300 km a Maximaldistanz vun 11.000 km.

Den 19. Oktober 2014 koum de Koméit Siding-Spring bis op 140.000 km un de Mars erun. De Mars Express hat dobäi de Koméitekär an de Koméiteschwäif analyséiert.

Ausfuere vun de MARSIS-Antennen

änneren

Déi lescht Episod an der Instrumentenaktivéierung u Bord vum Mars Express war d'Ausfuere vun zwou 20 m an enger 7 m laanger MARSIS-Antenn. Dat Instrument war virgesi fir bis zu en ettleche Kilometer ënner der Uewerfläch no flëssegem oder gefruerenem Waasser ze sichen. Déi éischt Antenn gouf de 4. Mee ausgefuer, allerdéngs gouf kuerz dono festgestallt, datt eent vun den Antennensegmenter net komplett fest souz. Awer schonn den 10. Mee war et den ESA-Ingenieure gelongen, d'Antenn ganz auerneen ze falen, andeems dat net festgeklemmt Segment am Sonneliicht opgewiermt gouf. Déi zweet 20 m Antenn gouf den 13. Juni ausgefuer, virdru gouf déi zesummegeklappt Antenn och am Sonneliicht opgewiermt. De 16. Juni gouf de Virgank als erfollegräich deklaréiert. De 17. Juni gouf déi drëtt a lescht, 7 m laang Antenn, ausgefuer. No weideren Tester konnt MARSIS de 4. Juli 2005 mat senger wëssenschaftlecher Aarbecht ufänken.[1]

Ausrëschtung

änneren

De Mars Express huet siwe Moossinstrumenter mat sech: Mat MARSIS (Mars Advanced Radar for Subsurface and Ionospheric Sounding) soll de Marsbuedem bis an eng Déift vu fënnef Kilometer ënner anerem no Waasser resp. Äis ënnersicht ginn. D'NASA-Sond 2001 Mars Odyssey kann dogéint nëmmen eng Déift vun e puer Meter ënnersichen, allerdéngs net mat engem Radar, mä mat engem Neutronespektrometer. MARSIS schafft am Frequenzberäich vun 1,3 bis 5,5 MHz, a ka vu 500 Meter bis zu 5 Kilometer déif an d'Marskuuscht andréngen, huet eng horizontal Opléisung vu 5 bis 9 km laanscht d'Fluchrichtung a 15 bis 30 km queesch zur Fluchrichtung souwéi eng vertikal Opléisung vu 70 Meter. MARSIS gëtt a senge Fuerschungsresultater vum Shallow Radar (kuerz SHARAD vervollstännegt. Béid Instrumenter schaffen a verschiddene Frequenzberäicher an hunn ënnerschiddlech Duerchdréngdéiften.

Déi héichopléisend Stereokamera HRSC liwwert Biller mat enger Opléisung vu bis zu 10 Meter, aus deenen eng dräidimensional Marskaart erstallt ka ginn. Dofir huet se néng CCD-Zeilen, déi a verschiddene Wénkelen duerch déi selwecht Optik "kucken". Duerch d'Beweegung vun der Sond iwwer d'Uewerfläch entstinn 9 vollstänneg Biller, déi de Mars ënner verschiddene Bléckwénkelen duerstellen. Eng computertechnesch Veraarbechtung fabrizéiert doraus en dräidimensionalen Uewerflächemodell, Faarffiltere viru véier CCD-Zeilen erméiglechen eng faarweg Duerstellung. Bedéngt duerch Limitatioun vum Datentranfert-Taux a -Quanritéit gëtt meeschtens nëmmen ee vun de Sensoren mat der maximaler Opléisung bedriwwen, déi aner maache Biller mat enger zwee-, véier- oder aachtfach méi schlechter Opléisung. Well d'Faarffilteren no wëssenschaftleche Krittären erausgesicht goufen, ass et schwéier, domat Usiichten ze produzéieren, "wéi en Astronaut de Mars kucke géif". D'HRSC ass aktuell déi eenzeg Kamera vun enger Marssond, déi 3D-Faarfbiller vun der Uewerfläch ophuele kann; d'HiRISE vum Mars Reconnaissance Orbiter erlaabt nëmme schwaarzwäiss 3D-Biller.

Zousätzlech huet d'HRSC eng Super Resolution Channel (SRC) genannt Optik vum Maksutov-Typ mat enger Apertur vun 100 mm an enger Brennwäit vun 1000 mm. Dat erméiglecht eng theoreetesch Opléisung vu knapps 2 Meter. Allerdéngs liwwert den SRC keng befriddegend Resultater, well sech een Temperaturverlaf am Tubus bilt. Dat viischt Enn killt aus, wärend dat bannenzegt Enn duerch d'Wärmt vum Satellit eng eppes méi héich Temperatur opweist. Doduerch entstinn Verspannungen an der Optik, déi d'Bildschärft schlecht maachen.

D'Kamera gouf am Berliner Institut fir Planéitefuerschung vum DLR ënner FU-Professor Gerhard Neukum entwéckelt a bei Astrium zu Friedrichshafe gebaut.

Aner Moossinstrumnter wéi de Planetares Fourier-Spektrometer (kuerz PFS) sammelen Hiweiser iwwer d'Beschafenheet vun der Atmosphär. D'Mars-Radio-Science-Experiment MaRS erfuerscht d'Atmosphär, Ionosphär an d'Sonnekorona (kuckt Radio-Okkultatioun), liwwert Aussoen iwwer d'Marsuewerfläch an ënnersicht Gravitatiounsanomalien.

ASPERA-3 hat d'Missioun, méi iwwer d'Marsatmosphär an hir Interaktioun mam Sonnewand z'erfueren an d'Quelle vun der sougenannter ENAs (Energetic Neutral Atoms) um Mars z'ënnersichen. Ausserdeem hat ASPERA-3 d'Aufgab, Plasma an neutral Gase an der Ëmgéigend vum Mars z'analyséieren an ze kategoriséieren.

Wëssenschaftlech Erkenntnesser

änneren

Nom Ukommen um Mars an der Kalibréierung vun den Instrumenten huet d'Stereokamera HRSC ugefaangen, d'Uewerfläch ze kartograféieren. Dobäi konnt schonn eng Fläch opgezeechent ginn, déi méi grouss ass wéi Nordamerika. D'Gesamtfläch vum Mars entsprécht ongeféier der ganzer Landfläch vun der Äerd.

Duerch d'Miessinstrumentt OMEGA (Visible and Infrared Mineralogical Mapping Spectrometer) konnte grouss Deeler Waasseräis op der südlecher Polkap vum Mars nogewise ginn.[2] Änlech Daten a méi klenger Qualitéit hat schonn 2001 déi amerikanesch Sond Mars Odyssey geliwwert.

Enn Mäerz 2004 huet d'ESA matgedeelt, datt de Mars Express mat Hëllef vu sengem Spektrometer Spuere vu Methan an der Marsatmosphär fonnt hätt. Obwue et nëmme ganz kleng Virkomme sinnl, stellt sech d'Fro, wéi dës Verbindung an d'Marsloft komme konnt. Methan entsteet souwuel bei vulkanesche Prozesser wéi och bei Verweesungsprozesser vun organrsche Materialien. Dofir kéint dës Entdeckung och e klengt Indiz fir eventuell existéierendes oder viru laanger Zäit existéierendes Liewen um Mars sinn, wat awer zum aktuellen Zäitpunkt nach Spekulatioun ass.

Enn November 2005 hunn Date vun OMEGA Beweismëttel dofir geliwwert, datt an der Fréizäit vum Mars grouss Iwwerschëss vu flëssegem Waasser op der Uewerfläch waren.[3] Gläichzäiteg liwwert MARSIS Erkenntnesser dofir, datt ënner der Uewerfläch vun engem Marskrater méiglecherweis Waasseräis begruewen ass. No beim Nordpol gouf warscheinlech ee ronn 1 km décken Äispanzer ënner der Uewerfläch fonnt.[4]

Am November 2008 goufe vun der vum DLR bedriwwener héichopléisender Stereokamera HRSC Fotoen am Gebitt vum Eumenides Dorsum (griech. Réck vun de Furien) westlech vun der Tharsis-Regioun gemaach, déi vill opfälleg Yardang-Strukture weisen, déi duerch Wanderosioun entstane sinn. Dës ginn Opschloss iwwer d'Dynamik vum Wand op der Marsuewerfläch; d'Dicht vun der Marsatmosphär ass nëmme 0,75 Prozent vun der Dicht vun der Äerdatmosphär op Miereshéicht. Änlech Strukture goufen duerch de Mars Express schonn méi dacks nogewisen, beispillsweis am Beräich vum Olympus Mons an, nieft den Tafelbierger, bei Aeolis Mensae.[5]

Am Juli 2018 gouf bekannt, datt an der Géigend vum Südpol flëssegt Waasser ënner der Uewerfläch fonnt gouf.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Mars Express – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Mitteilung der ESA vom 5. August 2005
  2. Mitteilung der ESA vom 28. Juli 2005
  3. Matdeelung vun der ESA vum 30. November 2005
  4. ESA-Matdeelung vum 30. November 2005
  5. DLR: Yardangs und Tafelberge in Aeolis Mensae (28. Juni 2007)