Den Henri Cartier-Bresson, gebuer den 22. August 1908 zu Chanteloup-en-Brie, a gestuerwen den 3. August 2004 zu Céreste an den Alpes-de-Haute-Provence, war e franséische Fotograf. Hie gëllt als e Meeschter vun der "Schnappschoss"-Fotografie. Zesumme mam Robert Capa an anere Fotografen huet hien 1947 d'Agence Magnum opgeriicht.

Henri Cartier-Bresson
Gebuertsnumm Henri Georges Cartier-Bresson
Pseudonym Bresson, Henri Cartier, Bresson, Henri Cartier-, Cartier Bresson, Henri
Gebuer 22. August 1908
Chanteloup-en-Brie
Gestuerwen 3. August 2004
Montjustin
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Condorcet
Aktivitéit Fotograf, Fotoreporter, Journalist, Filmregisseur, Moler
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Dem Cartier-Bresson seng éischt Leica

De Cartier-Bresson huet als jonke Mann Konscht studéiert a gemoolt. 1931 ass en, inspiréiert vum Joseph Conrad sengem Heart of darkness, fir ee Joer op d'Elfebeeküst gaangen, wou e vum Handel mat Wëld gelieft huet, dat e geschoss a verkaaft huet. Schwéier krank koum en zeréck a Frankräich, an huet, wärend senger Rekonvaleszens, d'Fotografie entdeckt.

Am Zweete Weltkrich koum en a Gefaangenschaft, an ass, wéi e konnt fortlafen, an de Maquis gaangen an huet sech der Resistenz ugeschloss.

Nom Krich, an nodeem e Magnum mat op d'Bee gesat huet, ass en am Optrag vu groussen Zäitschrëften duerch Europa an d'Vereenegt Staaten, an Indien, d'Sowjetunioun (als éischte westleche Fotograf, dee fräi schaffe konnt) an a China gereest, fir Fotoreportagen ze maachen. Hie war bei ettlechen historesche Momenter dobäi an huet och vill bekannt Leit portraitéiert. Vun der Hellewull vu Bicher, déi en an den 1950er an 1960er Jore publizéiert huet, war wuel dat wichtegst The Decisive Moment (1952). An deem Buch huet de Cartier-Bresson beschriwwen, datt deen "dezisive Moment" beim Fotograféieren ass:

Photographier: c'est dans un même instant et en une fraction de seconde reconnaître un fait et l'organisation rigoureuse des formes perçues visuellement qui expriment et visualisent ce fait. C'est mettre sur une même ligne de mire la tête, l'œil et le cœur.

Och kleng mënschlech Detailer kënne sou zu engem Leitmotiv ginn.

Zanter 1970 huet de Cartie-Bresson praktesch just nach gemoolt. 1982 krut en den Hasselblad Award. Ee Joer viru sengem Doud gouf an der Bibliothèque nationale de France eng grouss Retrospektiv organiséiert. Dat selwecht Joer huet seng Duechter d'Fondatioun Henri Cartier-Bresson gegrënnt, fir säi Wierk ze betreien.

2006 krut e posthum de Prix Nadar.

Um Spaweck änneren

Commons: Henri Cartier-Bresson – Biller, Videoen oder Audiodateien