Wale fir d'Europäescht Parlament 2004 (Lëtzebuerg)

Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2004 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 2004-2009 vertrieden.

Si goufen den 13. Juni 2004 ofgehalen, als Deel vun den allgemenge Wale fir d'Europäescht Parlament 2004, an zäitgläich mat de Wale fir d'Chamber.

Resultat änneren

D'CSV huet par Rapport zu de Wale vun 1999 ee Sëtz bäigewonnen, iwwerdeems d'LSAP ee verluer huet. D'DP an Déi Gréng krute jee een.

Partei % Ënnerscheed Sëtz Ënnerscheed
CSV
(Chrëschtlech Sozial Vollekspartei)
37,1 +5,4 3 +1
LSAP
(Lëtzebuergesch Sozialistesch Aarbechterpartei)
22,0 -1,6 1 -1
Déi Gréng 15,0 +4,3 1 -
DP
(Demokratesch Partei)
14,9 -5,6 1 -
ADR
(Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet)
8,0 -1,0 0 -
Déi Lénk 1,7 -1,1 0 -
KPL
(Kommunistesch Partei Lëtzebuerg)
1,2 N/A 0 N/A
Total 100 - 6 -
Quell: Service Information et Presse
Ageschriwwe Wieler: 229.550. Hu gewielt: 208.436 (90,8 %). Gëlteg Stëmmen: 1.081.475.

Nom lëtzebuergesche Walgesetz däerf all Wieler maximal sou vill Stëmme verginn, wéi Sëtz ze verdeele sinn, deemno 6. Dës kënnen all un eng Partei goen (duerch d'Schwäerze vum Rondel iwwer der Lëscht), oder u verschidde Kandidate verdeelt ginn (maximal 2 Stëmme pro Kandidat), déi op der selwechter oder verschiddene Lëschte stinn,.

D'Wale fir d'Europaparlament sinn obligatoresch fir Wieler tëscht 18 a 75 Joer, an et däerfen och Bierger vun aneren EU-Staaten drun deelhuelen, déi zu Lëtzebuerg wunnen a sech op d'Wielerlëschten agedroen hunn.

Gewielt goufen änneren

A Gréngschrëft stinn déi Deputéiert déi no der Validatioun an der Chamber genannt goufe fir Lëtzebuerg am Europaparlament ze vertrieden

Partei Numm Stemmen
CSV Jean-Claude Juncker 41 455 Premierminister; Staatsminister; Finanzminister vun der Regierung Juncker-Asselborn I
Luc Frieden 25 168 Justizminister; Budgetsminister
François Biltgen 16 875 Aarbechtsminister; Minister fir Kultur, Héichschoulen a Fuerschung; Minister fir de Kultus
Viviane Reding 13 398 Member vun der Europäescher Kommissioun.
EVP Astrid Lulling 12 745 nogeréckelt
Fernand Boden 12 549 Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung; Minister fir de Mëttelstand, Tourismus a Wunnengsbau
EVP Jean Spautz 12 264 nogeréckelt
Marie-Josée Jacobs 11 564 Ministesch fir Famill an Integratioun; Ministesch fir Chancëgläichheet
Michel Wolter 8 149 President vun der Chamberfraktioun vun der CSV
EVP Erna Hennicot-Schoepges 7 426 nogeréckelt
LSAP Jean Asselborn 14 433 Vizepremierminister; Ausseminister a Minister fir Immigratioun
SPE Robert Goebbels 12 140 nogeréckelt
ALDE Lydie Polfer 22 184
EGP Claude Turmes 13 762

[1]

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  1. Resultater vun de Walen