Sophia Loren

italieenesch Filmschauspillerin

D'Sophia Loren [ləˈrɛn], gebuer den 20. September 1934 zu Roum, fir richteg Sofia Villani Scicolone, ass eng italieenesch Filmschauspillerin, déi an iwwer 100 Filmer matgespillt huet.

Sophia Loren
Gebuertsnumm Sofia Costanza Brigida Villani Scicolone
Gebuer 20. September 1934
Roum
Nationalitéit Italien, Frankräich
Educatioun École Jeannine Manuel
Aktivitéit Schauspiller, Mannequin, Sänger, Autobiograph, Participant vu Schéinheetsconcoursen, Filmschauspiller, Synchronspriecher
Famill
Bestuet mat Carlo Ponti, Carlo Ponti
Geschwëster Anna Maria Villani Scicolone
Kanner Carlo Ponti Jr., Edoardo Ponti
D'Sophia Loren (1991)

D'Sophia Loren gouf beim Miss Roma-Concours vun hirem zukünftege Mann, dem Filmproduzent Carlo Ponti entdeckt, deen hir duerno Rollen a Filmer erméiglecht huet. Do huet si sech vun ufanks Statisterollen, wéi z. B. am Film Quo Vadis, geschwënn zu engem Star vum italieeneschen an duerno och internationale Kino entwéckelt. Si hat hir éischt Haaptroll an Africa sotto i mari. Bekannt gouf s'an Hollywood-Produktioune vun 1957 bis 1964 wéi Houseboat (1958) The Black Orchid (1959) oder It Started in Naples, an italieenesche Produktioune wéi La ciociara (1960) vum Vittorio De Sica, woufir se nieft villen anere Präisser d'Gëlle Palm zu Cannes an en Oscar fir di bescht weiblech Haaaptroll krut. Si huet iwwer 12-mol mam Marcello Mastroianni zesummegespillt, wourënner Ieri, oggi, domani / Hier, Aujourd'Hui, Demain (1963, mat der berüümter Stripteasezeen), Matrimonio all'italiana (1964) an Una giornata particolare (1977).

2009 war si nach eng Kéier an engem Hollywood-Film, dem Musical Nine, ze gesinn.

Filmographie (Auswiel) änneren

Kino änneren

vun 1949 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis …. änneren

Literatur (op Däitsch) änneren

als Auteur

  • Das Geheimnis meiner Schönheit. Ullstein, Frankfurt/M. 1985, ISBN 3-550-07737-8.
  • Komm, iß mit mir. Lübbe, Bergisch Gladbach 1978, ISBN 3-404-01030-2.
  • Rezepte und Erinnerungen. Heyne, München 1999, ISBN 3-453-15965-9.
  • „Wie herrlich eine Frau zu sein“ (Lucky to be a woman / La fortuna di essere donna). Baer Family Records, Hambergen 2003, ISBN 3-89795-895-3 (dreisprachige Ausgabe mit 2 CDs und 1 DVD).

iwwer d'Sophia Loren

  • Yann-Brice Dherbier (Hrsg.):Sophia Loren. Bilder eines Lebens. Henschel Verlag, Berlin 2008, ISBN 978-3-89487-624-1.
  • Lars-Olaf Beier: Sophia Loren. Eine Hommage. Henschel-Verlag, Berlin 1994, ISBN 3-89487-203-9.
  • Giovanna Bertelli (Hrsg.): Sophia Loren. Schirmer-Mosel, München 2003, ISBN 3-8296-0101-8.
  • Aaron E. Hotchner: Sophia Loren. Ihre Filme, ihr Leben ("Sophia, living and loving"). Wilhelm Heyne Verlag, München, 1989, ISBN 3-453-86069-1 (Heyne Filmbibliothek; Bd. 69).
  • Stefano Masi: Sophia Loren. Gremes, Rom, 2001, ISBN 88-8440-038-4.
  • Italo Moscati: Sophia Loren. Eine Biographie. Herbig, München 1995, ISBN 3-7766-1924-4.

Um Spaweck änneren

Commons: Sophia Loren – Biller, Videoen oder Audiodateien