Frank Sinatra

US-amerikanesche Sänger a Schauspiller an Entertainer

De Francis Albert "Frank" Sinatra, gebuer den 12. Dezember 1915 zu Hoboken, New Jersey a gestuerwen de 14. Mee 1998 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Sänger, Schauspiller an Entertainer. Seng Stëmm war sou charakteristesch, datt en de Spëtznumm The Voice kritt huet. Hien huet seng musikalesch Karriär an der Swing-Epoch als Sänger an den Orchestere vum Harry James a vum Tommy Dorsey uefaangen. No enger éischter Karriär als Jugendidol ("Frankie-Boy") war hien an den 1950er/1960er Jore zesumme mat mat anere Sänger a Schauspiller, wéi dem Dean Martin an dem Sammy Davis Jr. Member vum sougenannte Rat Pack.

Frank Sinatra
Gebuertsnumm Francis Albert Sinatra
Gebuer 12. Dezember 1915
Hoboken
Gestuerwen 14. Mee 1998
Los Angeles
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Sänger, Synchronspriecher, Jazzmuseker, Filmproduzent, Discographesche Kënschtler, Filmregisseur
Partei Demokratesch Partei, Republikanesch Partei
Famill
Bestuet mat Ava Gardner, Mia Farrow, Barbara Sinatra
Liewenspartner(in) Angie Dickinson
Papp Anthony Martin Sinatra
Mamm Dolly Sinatra
Kanner Nancy Sinatra, Frank Sinatra junior, Tina Sinatra

De Sinatra ass weltbekannt fir Hitte wéi Strangers in the Night, My Way an New York, New York. Seng Albume goufe méi wéi 150 milliounemol verkaaft. Bannent 54 Joer, tëscht 1939 an 1993 huet hie knapps 1300 Lidder am Studio opgeholl. Eleng tëscht Januar 1961 an August 1963 huet hie 14 Alben erausbruecht, déi all bis op zwéin an d'Top-30 vun de Billboard-Charts koumen. Tëscht 1940 an 2007 war all Joer op d'mannst ee Sinatra-Titel an de Billboard-Charts. Säin Album Come Dance with Me war vu Januar 1959 un 140 Wochen an de Billboard-LP-Charts, an néng weider Alben hu sech do iwwer ee Joer gehalen.

Als Schauspiller krut de Sinatra den Oscar als bescht männlech Nieweroll am Film From here to Eternity vum Fred Zinnemann, an huet a weider Filmer matgespillt, wourënner The Man with the Golden Arm (Oscar-Nominéierung), Ocean's Eleven oder The Manchurian Candidate. Ausserdeem ass hien a Musicals opgetrueden, wéi High Society.

Hie krut 18-mol ee Grammy an ë. a. d'Presidential Medal of Freedom an d'Gëllen Éieremedail vum Kongress.

Mat der Nancy Barbato, déi en 1939 bestuet hat, hat en 3 Kanner: d'Nancy Sinatra (1940), déi selwer eng Carrière als Sängerin gemaach huet, de Frank Sinatra jr. (1944), en Orchesterchef, an d'Tina Sinatra (1948), eng Filmproduzentin. Duerno war hien ë. a. mat der Ava Gardener an der Mia Farrow bestuet.

Der Asteroid (7934) Sinatra gouf no him genannt.

Discographie änneren

 
De Sinatra (ëm 1947).

...

Filmographie (Auswiel) änneren

Aus ronn 60 Filmer, an deenen de Frank Sinatra matgespillt huet, siefen ernimmt:

Literatur änneren

  • Leonard Mustazza: Sinatra - An Annotated Bibliography 1939-1998. Westport: Greenwood Press, 1999. ISBN 0-313-30829-2
  • Luiz Carlos do Nascimento Silva: Put Your Dreams Away. A Frank Sinatra Discography. Westport: Greenwood Press, 2000. ISBN 0-313-31055-6
  • Daniel O'Brien: The Frank Sinatra Film Guide. London: Batsford, 1998. ISBN 0-7134-8418-7
  • Scott Allan Nollen: The Cinema of Sinatra. The Actor, on Screen and in Song. Lowell: King Printing, 2003. ISBN 1-887664-51-3
  • Will Friedwald: Sinatra! The Song Is You: A Singer's Art. New York City: Scribner, 1995. ISBN 0-684-19368-X
  • Charles L. Granata: Sessions with Sinatra. Frank Sinatra and the Art of Recording. Chicago: A Cappella Books, 1999. ISBN 1-55652-356-4
  • Richard Havers: Sinatra. London: Dorling Kindersley, 2004. ISBN 1-4053-0089-2;
  • Nancy Sinatra: Frank Sinatra - An American Legend. London: Virgin Books, 1998. ISBN 1-85227-543-X
  • Tina Sinatra/Jeff Coplon: My Father's Daughter. A Memoir. New York City: Simon & Schuster, 2000. ISBN 0-684-87076-2 (speziell für Sinatras letzte Jahre)
  • James Kaplan: Frank: the voice, New York: Doubleday, c2010, ISBN 978-0-385-51804-8
  • John Collins: The Complete Guide to the Music of Frank Sinatra. London: Omnibus Press, 1998. ISBN 0-7119-6624-9
  • Deborah Holder: Frank Sinatra - I did it my way. München: Heyne, 1995. ISBN 3-453-09103-5
  • Chris Ingham: The Rough Guide to Frank Sinatra. London: Penguin Group, 2005. ISBN 1-84353-414-2
  • Kitty Kelley: His Way. New York City: Bantam, 1986. ISBN 0-5532-6515-6
  • Anthony Summers/Robbyn Swan: Sinatra. The Life. New York City: Alfred A. Knopf, 2005. ISBN 0-375-41400-2

Um Spaweck änneren

Commons: Frank Sinatra – Biller, Videoen oder Audiodateien