Martin Sheen

US-amerikanesche Schauspiller

De Martin Sheen, mam richtegen Numm Ramón Antonio Gerardo Estévez, gebuer den 3. August 1940 zu Dayton, am Ohio, ass en US-amerikanesche Schauspiller.

Martin Sheen
Gebuertsnumm Ramon Antonio Gerardo Estevez
Gebuer 3. August 1940
Dayton
Nationalitéit USA, Irland
Educatioun Stella Adler Studio of Acting
Aktivitéit Filmschauspiller, Synchronspriecher, Filmproduzent, Televisiounsproduzent, Theaterschauspiller, Friddensaktivist, Schauspiller, Ëmweltaktivist, Filmregisseur
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Janet Sheen
Geschwëster Joe Estevez
Kanner Charlie Sheen, Ramon Estevez, Emilio Estevez, Renée Estevez

Hie ass bekannt fir seng Haaptroll am Francis Ford Coppola sengem Apocalypse Now (1979) a fir seng Roll vum amerikanesche President an der Televisounsserie The West Wing.

De Martin Sheen ass och politesch a gesellschaftlech engagéiert; sou war hien e prominene Géigner vum Irakkrich, deen ënner der Presidentschaft vum George W. Bush gefouert gouf.

Seng véier Kanner sinn och all Schauspiller: den Emilio Estevez (* 1962), de Ramon Estevez (* 1963), den Charlie Sheen (* 1965, fir richteg Carlos Irwin Estévez) an d'Renée Estevez (* 1967).

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1967 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2009 änneren

vun 2010 bis 2019 änneren

vun 2020 bis 2029 änneren

TV (Auswiel) änneren

  • 1961: Route 66 - (TV-Serie) - (1 Episod)
  • 1962: Naked City - (TV-Serie) - (3 Episoden)
  • 1963–1964: The Doctors and the Nurses - (TV-Serie) - (3 Episoden)
  • 1971: Goodbye, Raggedy Ann - Regie: Fielder Cook - Haaptacteuren: Mia Farrow, Hal Holbrook
  • 1972: Mannix - (TV-Serie) - (1 Episod)
  • 1972: That Certain Summer - Regie: Lamont Johnson - Haaptacteuren: Hal Holbrook, Joe Don Baker
  • 1974: The California Kid - Regie: Richard T. Heffron - Haaptacteuren: Vic Morrow, Michelle Phillips
  • 1999–2006: The West Wing - (TV-Serie) - (155 Episoden)
  • 2015–2022: Grace and Frankie - (TV-Serie) - (94 Episoden)

Um Spaweck änneren

Commons: Martin Sheen – Biller, Videoen oder Audiodateien