Alec Guinness

brittesche Schauspiller

De Sir Alec Guinness, CH CBE, gebuer den 2. Abrëll 1914 zu Paddington, London, a gestuerwen de 5. August 2000 zu Midhurst, West Sussex, England, war en englesche Schauspiller.

Alec Guinness
Gebuertsnumm Alec Guinness de Cuffe
Gebuer 2. Abrëll 1914
Marylebone
Gestuerwen 5. August 2000
Midhurst
Doudesursaach Liewerkriibs
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Filmschauspiller, Autobiograph, Charakterschauspiller, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Merula Salaman
Kanner Matthew Guinness

No enger fréier Karriär op der Bün huet hien an den 1950er an 1960er Jore mat groussem Succès a sougenannten Ealing Comedies matgespillt, dorënner The Ladykillers a Kind Hearts and Coronets (woudran en aacht verschidde Rollen hat). Am bekanntste gouf en duerch seng Zesummenaarbecht mam David Lean an deem senge Filmer: als Herbert Pocket a Great Expectations (1946), Fagin an Oliver Twist (1948), de Col. Nicholson an The Bridge on the River Kwai (1957, woufir en den Oscar fir déi bescht männlech Haaptroll krut), de Prënz Faisal a Lawrence of Arabia (1962), de Yevgraf an Doctor Zhivago (1965), an als Professor Godbole an A Passage to India (1984). Och fir seng Roll als Obi-Wan Kenobi am George Lucas senger Original-Star Wars-Trilogie gouf hie wäit bekannt.

De Guinness war, zesumme mam Laurence Olivier a mam John Gielgud, ee vun den dräi brittesche Schauspiller, déi nom Zweete Weltkrich de Sprong vu klassesche Shakespeare-Theaterrollen an Hollywood-Blockbuster gepackt hunn. Nieft dem Oscar huet den Alec Guiness e BAFTA Award, Golden Globe an en Tony Award gewonnen. 1959 gouf hie vun der Kinnigin Elizabeth II. fir säi Verdéngscht ëm d'Konscht geadelt.

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1946 bis 1949 änneren

vun 1950 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1994 änneren

TV änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Alec Guiness – Biller, Videoen oder Audiodateien