George Cukor

US-amerikanesche Filmregisseur

Den George Dewey Cukor, gebuer de 7. Juli 1899 zu New York a gestuerwen de 24. Januar 1983 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Filmregisseur.

George Cukor
Gebuertsnumm George Dewey Cukor
Gebuer 7. Juli 1899
New York
Gestuerwen 24. Januar 1983
Los Angeles
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit USA
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent, Theaterregisseur, Regisseur

Biographie änneren

Nodeems en no der Schoul dräi Joer laang zu Chicago Assistenz-Regisseur bei engem Theater war, ass hien 1920 op New York gaangen, fir do eng eegen Trupp opzesetzen. 1929 ass hien op Hollywood gewiesselt, wou, nodeems den Tounfilm opkomm war, ëmmer méi Theaterregisseure fir dat neit Medium gebraucht goufen. Hie war bei dräi Filmer Ko-Regisseur, zoustänneg fir d'Dialogen, ier e mat Tarnished Lady 1931 säin éischten eegene Film gedréint huet. 1932 ass e vu Paramount Pictures bei RKO Pictures gewiesselt, wou en an de Joren duerno verschidde memorabel Filmer gedtréint huet, dacks där, an deene Fraen d'Haaptroll gespillt hunn. Sou huet hien ë. a. mat den Damme Katharine Hepburn, Olivia De Havilland, Constance Bennett, Joan Bennett, Jean Harlow, Norma Shearer, Greta Garbo, Claudette Colbert, Joan Crawford, Joan Fontaine, Paulette Goddard, Vivien Leigh an Ingrid Bergman zesummegeschafft.

Hie gouf dräimol fir en Oscar nominéiert a krut schlussendlech 1964 ee fir My Fair Lady. Hien huet bis 1981 Filmer gemaach. 1983 ass en un engem Häerzschlag gestuerwen.

Filmographie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: George Cukor – Biller, Videoen oder Audiodateien