Raf Vallone

italieenesche Schauspiller a Foussballspiller


De Raf Vallone, gebuer als Raffaele Vallone de 17. Februar 1916 zu Tropea a Kalabrien a gestuerwen den 31. Oktober 2002 zu Roum, war en italieenesche Foussballspiller, Journalist, Film- an Theaterschauspiller an Theaterregisseur.

Raf Vallone
Raf Vallone 1949.jpg
Gebuer 17. Februar 1916
Tropea
Gestuerwen 31. Oktober 2002
Roum
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Foussballspiller, Journalist, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Partisan
Famill
Bestuet mat Elena Varzi
Kanner Eleonora Vallone, Saverio Vallone
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Raf Vallone huet Droit a Philosophie op der Universitéit zu Turin studéiert. Hien huet duerno professionell Foussball beim FC Turin gespillt.

Hien huet, no engem éischte Film am Joer 1942, seng Filmcarrière am Joer 1949 mam Film Riso amaro vum Giuseppe De Santis richteg ugefaangen. Am Kino ass hien a villen italieeneschen awer och a villen internationale Filmer opgetrueden.

Bedeitend Filmer a senger Carrière sinn Thérèse Raquin (1953) vum Marcel Carné, Rose Bernd (1957) vum Wolfgang Staudte, La ciociara (1960) vum Vittorio De Sica, El Cid (1961) vum Anthony Mann an The Cardinal (1963) vum Otto Preminger.

Hie war vun 1952 bis zu sengem Doud am Joer 2002 mat der Schauspillerin Elena Varzi bestuet. Zwee vun hiren dräi Kanner d' Eleonora Vallone an de Saverio Vallone sinn och Schauspiller.

FilmographieÄnneren

KinoÄnneren

vun 1942 bis 1949Änneren

vun 1950 bis 1959Änneren

vun 1960 bis 1969Änneren

vun 1970 bis 1979Änneren

vun 1980 bis 1998Änneren

Um SpaweckÄnneren