Anthony Mann

US-amerikanesche Filmregisseur

Den Anthony Mann, gebuer als Emil Anton Bundesmann den 30. Juni 1906 zu San Diego a gestuerwen den 29. Abrëll 1967 zu Berlin, war en US-amerikanesche Filmregisseur.

Anthony Mann
Gebuer 30. Juni 1906
San Diego
Gestuerwen 29. Abrëll 1967
Berlin
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Theaterregisseur, Regisseur
Famill
Bestuet mat Sara Montiel

Duerch e puer Filmer, aus dem Genre Film noir, ass den Anthony Mann bekannt ginn. Seng Stäerkt waren awer Western wéi Bend of the River (1952), The Naked Spur (1953), The Man from Laramie (1955) all mam James Stewart an dann nach Man of the West (1958) mam Gary Cooper.

Fir de Produzent Samuel Bronston huet hien och nach zwéi Monumentalfilmer gedréint sou am Joer 1961 El Cid mam Charlton Heston an der Sophia Loren dann am Joer 1964 The Fall of the Roman Empire erëm mat der Sophia Loren, dem Stephen Boyd an dem Alec Guiness.

Am Joer 1967 bei den Dréiaarbechte vum Film A Dandy in Aspic ass hien un engem Häerzschlag gestuerwen, de Film gouf vum Haaptacteur Laurence Harvey fäerdeg gedréint.

Filmographie änneren

vun 1942 bis 1949 änneren

vun 1950 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1968 änneren

Um Spaweck änneren