E Model (aus dem Engleschen) oder Mannequin (aus dem Franséischen) ass eng Persoun, där hir Aufgab et ass Reklamm fir kommerziell Produkter ze maachen, se duerzestellen (besonnesch an der Moud a bei Moudendefiléen) oder fir Fotoen ze poséieren.

D'Liu Wen, ee vun de bekanntste chineesesche Modelen, am Joer 2014 bei engem Moudendefilé.

Och d'Popp an engem Buttek, un där Kleeder ausgestallt ginn, gëtt Mannequin genannt.

Déi meescht Modele si Fraen, obwuel et och männlech Modele gëtt.[1] E Mannequin kann haaptberufflech schaffen oder nieweberufflech oder et als Hobby maachen. D'Modelbranche ass ee vun de wéinege Secteuren, an deem Frae méi verdénge wéi Männer.[1]

D'Modelen ënnerscheet sech vun aneren Aarte vun ëffentlechen Optrëtter, wéi zum Beispill der Schauspillerei oder dem Danz. Obwuel deen Ënnerscheed net ëmmer kloer ass, gëtt beim Modele generell net geschwat, an e Model gëtt generell och keng perséinlech Meenung vu sech. Dem Model säi Ruff an Image gëllen als kritesch.

Zu den Aarten vu Modellen zielen: Moud-, Glamour-, Fitness-, Bikini-, Konscht-, a Reklammsmodellen. Ënnerschiddlech Medieformater gräifen op Modelen zeréck, dorënner Zäitschrëften, Filmer, Zeitungen, Internet an Televisioun. De Beruff vum Model an der Moud war Theema a Filmer (wéi Prêt-à-Porter a Looker), Reality-TV-Showen (zum Beispill America's Next Top Model oder Germany's Next Top Model) a Museksclippen (z. B. Freedom! '90 vum George Michael, Wicked Game vum Chris Isaak oder Blurred Lines vum Robin Thicke).

Berüümt Perséinlechkeeten, dorënner Schauspiller, Sänger, Sportler a Reality-TV-Staren, huelen dacks Opträg an der Modelindustrie un, déi si nieft hirer regulärer Aarbecht maachen.

Um Spaweck änneren

Commons: Modellen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 fashionlawjournal.com: Are Female Models Paid More Than Male Models? vum Yukta Karnavat (27. August 2022)