Paul Newman

US-amerikanesche Schauspiller

De Paul Leonard Newman, gebuer de 26. Januar 1925 zu Shaker Heights (Ohio),a gestuerwen de 26. September 2008 zu Westport (Connecticut), war een US-amerikanesche Schauspiller.

Paul Newman
Gebuertsnumm Paul Leonard Newman
Gebuer 26. Januar 1925
Gestuerwen 26. September 2008
Westport
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Kenyon College,
Yale School of Drama,
Ohio University
Aktivitéit Filmproduzent, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Autospilot, Schauspiller, Entreprener, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Synchronspriecher, Regisseur, Philanthrop, Schrëftsteller, Militär, Offizéier
De Paul Newman
De Paul Newman (2007).

Hie war ee vun deene bekanntsten amerikanesche Schauspiller aus den 1960er Joren, mat Haaptrollen a populäre Filmer wéi The Hustler, Hud, Cool Hand Luke a Butch Cassidy and the Sundance Kid. Hien huet och e puer Filmer produzéiert a bei e puer Regie gefouert. 10-mol war e fir en Oscar nominéiert; eng Kéier, 1987, huet en dee fir déi bescht Haaptroll fir seng Roll an The Color of Money kritt.

De Paul Newman war och bekannt fir säi philantropescht Engagement, notamment fir Kanner a Jugendlecher.

Filmographie

änneren

als Schauspiller

änneren

als Regisseur

änneren
  • 1962: On the Harmfulness of Tobacco - (Kuerzfilm)
  • 1968: Rachel, Rachel - Haaptacteuren: Joanne Woodward, James Olson
  • 1971: Sometimes a Great Nation - Haaptacteuren: Henry Fonda, Lee Remick
  • 1972: The Effect of Gamma Rays on Man-in-the-Moon Marigolds - Haaptacteuren: Joanne Woodward, Nell Potts
  • 1984: Harry & Son - Haaptacteuren: Robby Benson, Ellen Barkin
  • 1987: The Glass Menagerie - Haaptacteuren: Joanne Woodward, John Malkovich

Um Spaweck

änneren
Commons: Paul Newman – Biller, Videoen oder Audiodateien