D'Deborah Jane Kerr-Trimmer,(CBE), gebuer den 30. September 1921 zu Helensburgh, Schottland, a gestuerwen de 16. Oktober 2007 an der Grofschaft Suffolk, war eng schottesch Schauspillerin.

Deborah Kerr
Portrait vun 1973
Gebuertsnumm Deborah Jane Kerr-Trimmer
Gebuer 30. September 1921
Gestuerwen 16. Oktober 2007
Suffolk
Doudesursaach Parkinson-Krankheet
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Filmschauspiller, Schauspiller, Ballettdänzer, Theaterschauspiller
Famill
Bestuet mat Peter Viertel

Biographie änneren

D'Deborah Kerr huet als jonkt Meedche Ballet geléiert. Geschwë kritt se Kontakt mam Theater, wou se Ufanks Niewerollen a Shakespearestécker gespillt huet. 1940 hat se hir éischt Roll an engem Film, nämlech eng Nieweroll a Contraband vum Michael Powell an Emeric Pressburger. Hir éischt Haaptroll hat se a Major Barbara vun 1941. An de Joren duerno gouf se déi beléiftste brittesch Schauspillerin. Hollywood huet dat matkritt, a sou krut se e Contract bei der MGM. Hiren éischte Film an Amerika war The Hucksters (1947) wou se nieft dem Clark Gable d'Haaptroll hat. Rollen a Filmer wéi Quo Vadis oder From Here to Eternity (mam Burt Lancaster) hu se bekannt gemaach. Dacks huet se eng moudesch gekleete jonk Damm gespillt. Dee populäerste Film vun hirer Carrière war The King and I.

1969 huet si hirer Filmcarrière en Enn gesat, ass awer nach an Televisiounsproduktiounen an Theaterstécker opgetrueden.

Filmographie (Selektioun) änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Deborah Kerr – Biller, Videoen oder Audiodateien