Charlton Heston
De Charlton Heston (gebuer als John Charles Carter; de 4. Oktober 1923 zu Evanston, Illinois, a gestuerwen de 5. Abrëll 2008 zu Beverly Hills, Kalifornien) war en US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Biergerrechtler a Waffelobbyist.
Charlton Heston | |
---|---|
Gebuertsnumm | John Charles Carter |
Gebuer |
4. Oktober 1923 Evanston |
Gestuerwen |
5. Abrëll 2008 Beverly Hills |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Northwestern University, Northwestern University School of Communication |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Synchronspriecher, Autobiograph, Theaterschauspiller, Gewerkschaftler, Schauspiller, Dréibuchauteur, politeschen Aktivist, Aktivist, Militär, Regisseur, Schrëftsteller, Offizéier |
Partei | Republican Party, Democratic Party |
Famill | |
Bestuet mat | Lydia Clarke |
Kanner | Fraser Clarke Heston |
No sengem Militärdéngscht vun 3 Joer huet den Charlton Heston Theater, an dunn an Tëleesproduktioune gespillt. 1950 huet en a sengem éischte Kinosfilm, Dark City, gespillt.
Zu senge bekanntste Rollen zielen de Moses an The Ten Commandments (1956), de Judah Ben-Hur a Ben-Hur (1959), woufir en en Oscar fir de beschte Schauspiller krut, de Julius Cäsar a Julius Caesar (1970) an de Marcus Antonius an Anthony and Cleopatra (1972). Och am Science-fiction-Film Planet of the Apes (1968) a sengem Nofollger Beneath the Planet of the Apes (1970) hat en d'Haaptroll, sou wéi och a verschiddene Katastrophefilmer, wéi z. B. Earthquake (1974).
An den 1950er Joren huet den Charlton Heston dem Martin Luther King seng Biergerrechtsbeweegung ënnerstëtzt an huet sech an den 1960er Jore géint de Vietnamkrich engagéiert.
Méi spéit ëmmer méi staark huet hie sech och fir d'Recht agesat, Waffen däerfen ze droen, a war vun 1998 bis 2002 President vun der National Rifle Association.
Hien ass un de Suitë vun der Alzheimer-Krankheet gestuerwen.
Filmographie (Auswiel)
ännerenKino
änneren- Bowling for Columbine (2002), vum Michael Moore
- Papa Rua Alguem 5555 (2002), vum Egidio Eronico mam Thomas Kretschmann a F. Murray Abraham
- The Order (2001), vum Sheldon Lettich mam Jean-Claude Van Damme a Ben Cross
- Town & Country (2001), vum Peter Chelsom mam Warren Beatty an Nastassja Kinski
- Planet of the Apes (2001), vum Tim Burton mam Mark Wahlberg an Helena Bonham Carter
- Any Given Sunday (1999), vum Oliver Stone mam Al Pacino a Cameron Diaz
- Gideon (1999), vum Claudia Hoover mam Christopher Lambert a Shirley Jones
- Armageddon (1998), vum Michael Bay mam Bruce Willis a Billy Bob Thornton
- Hamlet (1996), vum Kenneth Branagh mam Julie Christie a Kenneth Branagh
- Alaska (1996), vum Fraser Clarke Heston mam Thora Birch a Dirk Benedict
- In the Mouth of Madness (1995), vum John Carpenter mam Sam Neill a Jürgen Prochnow
- True Lies (1994), vum James Cameron mam Arnold Schwarzenegger a Jamie Lee Curtis
- Tombstone (1993), vum George P. Cosmatos mam Kurt Russell a Sam Elliott
- Wayne's World 2 (1993), vum Stephen Surjik mam Mike Myers a Christopher Walken
- Solar Crisis (1990), vum Richard C. Sarafian an Alan Smithee mam Tim Matheson a Peter Boyle
- Mother Lode (1982), vum Charlton Heston mam Kim Basinger
- The Awakening (1980), vum Mike Newell mam Susannah York an Jill Townsend
- The Mountain Men (1980), vum Richard Lang mam Brian Keith a Seymour Cassel
- Gray Lady Down (1978), vum David Greene mam David Carradine a Stacy Keach
- Crossed Swords (1978), vum Richard Fleischer mam Oliver Reed a Rex Harrison
- Midway (1976), vum Jack Smight mam Henry Fonda, Glenn Ford, Toshirô Mifune a Robert Mitchum
- Two Minute Warning (1976), vum Larry Peerce mam John Cassavetes a Gena Rowlands
- The Last Hard Men (1976), vum Andrew V. McLaglen mam James Coburn a Barbara Hershey
- The Four Musketeers (1974), vum Richard Lester mam Oliver Reed a Raquel Welch
- Earthquake (1974), vum Mark Robson mam Ava Gardner a Geneviève Bujold
- Airport 1975 (1974), vum Jack Smight mam George Kennedy an Efrem Zimbalist Jr.
- The Three Musketeers (1973), vum Richard Lester mam Oliver Reed, Michael York, Geraldine Chaplin a Christopher Lee
- Soylent Green (1973), vum Richard Fleischer mam Leigh Taylor-Young an Joseph Cotten
- Antony and Cleopatra (1973), vum Charlton Heston mam Hildegard Neil a Fernando Rey
- Call of the Wild (1972), vum Ken Annakin mam Raimund Harmstorf a Michèle Mercier
- Skyjacked (1972), vum John Guillermin mam Yvette Mimieux a Walter Pidgeon
- The Omega Man (1971), vum Boris Sagal mam Anthony Zerbe a Paul Koslo
- Julius Caesar (1970), vum Stuart Burge mam Jason Robards an John Gielgud
- The Hawaiians (1970), vum Tom Gries mam Geraldine Chaplin an John Phillip Law
- Beneath the Planet of the Apes (1970), vum Ted Post mam James Franciscus a Kim Hunter
- Number One (1969), vum Tom Gries mam Jessica Walter a Bruce Dern
- Will Penny (1968), vum Tom Gries mam Donald Pleasence a Slim Pickens
- Planet of the Apes (1968), vum Franklin J. Schaffner mam Roddy McDowall a Kim Hunter
- Counterpoint (1968), vum Ralph Nelson mam Maximilian Schell an Anton Diffring
- Khartoum (1966), vum Basil Dearden mam Laurence Olivier a Richard Johnson
- The War Lord (1965), vum Franklin J. Schaffner mam Richard Boone a Rosemary Forsyth
- The Agony and the Ecstasy (1965), vum Carol Reed mam Rex Harrison an Diane Cilento
- Major Dundee (1965), vum Sam Peckinpah mam Richard Harris a Senta Berger
- The Greatest Story Ever Told (1965), vum eorge Stevens mam Max von Sydow a Carroll Baker
- 55 Days at Peking (1963), vum Nicholas Ray mam Ava Gardner an David Niven
- Diamond Head (1963), vum Guy Green mam Yvette Mimieux an George Chakiris
- The Pigeon That Took Rome (1962), vum Melville Shavelson mam Elsa Martinelli an Harry Guardino
- El Cid (1961), vum Anthony Mann mam Sophia Loren a Geneviève Page
- Ben-Hur (1959), vum William Wyler mam Stephen Boyd an Jack Hawkins
- The Wreck of the Mary Deare (1959), vum Michael Anderson mam Gary Cooper a Michael Redgrave
- The Buccaneer (1958), vum Anthony Quinn mam Yul Brynner a Claire Bloom
- The Big Country (1958), vum William Wyler mam Gregory Peck a Jean Simmons
- Touch of Evil (1958), vum Orson Welles mam Janet Leigh an Akim Tamiroff
- Three Violent People (1957), vum Rudolph Maté mam Anne Baxter a Gilbert Roland
- The Ten Commandments (1956), vum Cecil B. DeMille mam Yul Brynner, Debra Paget an Edward G. Robinson
- Lucy Gallant (1955), vum Robert Parrish mam Jane Wyman a Claire Trevor
- The Private War of Major Benson (1955), vum Jerry Hopper mam Julie Adams a Sal Mineo
- The Far Horizons (1955), vum Rudolph Maté mam Fred MacMurray an Donna Reed
- The Secret of the Incas (1954), vum Jerry Hopper mam Robert Young an Nicole Maurey
- The Naked Jungle (1954), vum Byron Haskin mam Eleanor Parker an Abraham Sofaer
- Bad for Each Other (1953), vum Irving Rapper mam Lizabeth Scott a Mildred Dunnock
- Arrowhead (1953), vum Charles Marquis Warren mam Jack Palance a Katy Jurado
- Pony Express (1953), vum Jerry Hopper mam Rhonda Fleming a Forrest Tucker
- The President's Lady (1953), vum Henry Levin mam Susan Hayward an John McIntire
- Ruby Gentry (1952), vum King Vidor mam Jennifer Jones a Karl Malden
- The Savage (1952), vum George Marshall mam Susan Morrow
- The Greatest Show on Earth (1952), vum Cecil B. DeMille mam Cornel Wilde a Betty Hutton
- Dark City (1950), vum William Dieterle mam Viveca Lindfors an Dean Jagger
- Peer Gynt (1941), vum David Bradley
Bibliographie
änneren- The actor's life: journals, 1956-1976, Autobiographie (red. Hollis Alpert), E.P. Dutton, New York (1978) - ISBN 0-671-83016-3
- Beijing Diary, Autobiographie, Simon and Schuster, New York (1990) - ISBN 0-671-68706-9
- In the arena: an autobiography Simon & Schuster, New York (1995) - ISBN 1-57297-267-X
- To be a man: letters to my grandson, Simon & Schuster, New York (1997) - ISBN 0-684-84116-9
- Charlton Heston presents The Bible - a companion for families, GT Publishers, New York (1997) - ISBN 1-57719-270-2
- Charlton Heston's Hollywood: 50 years in American film, Autobiogaphie (mam Jean-Pierre Isbouts), GT Publishers, New York (1998) - ISBN 1-57719-357-1
- The Courage to be Free (mat engem Préface vum Wayne LaPierre), Saudade Press, Kansas City (2000) - ISBN 978-0-9703688-0-5
Um Spaweck
ännerenCommons: Charlton Heston – Biller, Videoen oder Audiodateien |