De Maximilian Schell gebuer den 8. Dezember 1930 zu Wien a gestuerwen den 1. Februar 2014 zu Innsbruck,[1] war en éisträichesch-Schwäizer Schauspiller, Filmregisseur a Filmproduzent.

Maximilian Schell
am Joer 2006
Gebuer 8. Dezember 1930
Wien
Gestuerwen 1. Februar 2014
Innsbruck
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Schwäiz, Éisträich
Educatioun Universitéit vu München,
Universitéit Zürich,
Universitéit vu Basel
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent, Autobiograph, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Regisseur
Famill
Papp Hermann Ferdinand Schell
Mamm Margarethe Noé von Nordberg
Geschwëster Carl Schell, Maria Schell, Immy Schell

De Maximilian Schell ass de Jong vum Hermann Ferdinand Schell, engem Schwäizer Schrëftsteller an der Margarethe Noé von Nordberg, enger Wiener Schauspillerin. Hien ass de Brudder vun de Schauspiller Maria Schell, Carl Schell an Immy Schell. Nom Uschloss vun Éisträich un dat nationalsozialistesch Däitschland am Joer 1938 ass d'Famill Schell an d'Schwäiz ausgewandert.

De Maximilian Schell ass zu Basel an Zürich opgewuess. Hien huet Philosophie, Konschtgeschicht a Germanistik studéiert.

Am Veräin vun de Grasshoppers Zürich huet hie Foussball gespillt.

Am Hierscht 1952 huet hie seng Schauspillercarrière am Basler Stadttheater ugefaangen. Am Joer 1955 huet hien a sengem éischte Film Kinder, Mütter und ein General als Schauspiller matgewierkt. 1970 hat hie säin Debut als Filmregisseur mam Film Erste Liebe.

De Maximilian Schell huet seng lescht Roll fir de Kino am Film Les brigands vun de lëtzebuergesche Regisseure Frank Hoffmann a Pol Cruchten gespillt.

Filmer änneren

Kino änneren

als Schauspiller änneren

vun 1955 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2015 änneren

als Regisseur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Maximilian Schell – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Schauspieler Maximilian Schell ist tot." op N24.de